
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et eng Messerpickerei zu Iechternach. An engem Café op der Maartplaz koum et zu engem Sträit. Doropshi koum e Messer an d’Spill an zwou Persoune goufen domat blesséiert. Eng dovunner méi uerg.
Wéi de Spriecher vum Parquet e Sonndeg de Mëtteg op Nofro confirméiert, wiere schonn zwou verdächteg Persoune festgeholl ginn. D’Enquête géing lafen.