Um Dag wou a Frankräich un de Stuerm op d’Bastille erënnert gëtt, ginn am Hotel/Restaurant Lanners d’Waffe gestreckt. No 101 Joer goufen um Sonndeg déi leschte Clienten zerwéiert. Eppes Spezielles geplangt hat een am Virfeld net, et wier keen Dag fir ze feieren, mee éischter ee vun der Trauregkeet.
Den Haaptgrond fir d’Fermeture wier den Ëmbau vun der Gare zu engem Pôle multimodal. D’Aarbechte ginn zanter 2017 a verschiddene Phasen duerchgefouert an dierften och nach eng Partie Joren daueren. Nieft dem Kaméidi an dem Knascht beklot sech de Proprietär vum Hotel/Restaurant virun allem doriwwer, datt et duerch de Chantier u Parkplaze feele géing. Hie stéisst sech och dorunner, datt nieft där neier Gare eng Jugendherberg mat enger Héicht vun iwwer 40 Meter gebaut soll ginn. Ma onofhängeg vum Gebai géing eng Jugendherberg souwisou net an de Quartier passen.
“Wou der lénks a rechts lauter Problemfäll hutt. Lauter Sozialfäll mat Alkohol, mat Kläppereien, wou d’Police pro Dag zwee, dräimol op der Gare ass, wou mer och schonn aacht Camionnette vun der Police gesinn hunn, wou mam Baseballschléier hantéiert gëtt. An do gi mir hin a setzen eng Jugendherberge dohinner, wou mer dee Quartier guer net ënner Kontroll hunn.”
Am léifste géing hien d’Gebai bis op déi geschützte Fassad wechrappen an Appartementer baue loossen. D’Gemengeservicer haten och schonn hiren Accord ginn. Ma du koum et awer anescht.
“Deen dunn no laangen Diskussioune vum neie Buergermeeschter rejetéiert gouf. Mat der Begrënnung, datt ech ze déif géif bauen. Wou se wärend fënnef Joer d’Pläng alleguer gesinn hunn, souguer hiren Techniker, den Oberweis, mengen ech. A wou se dann einfach soen, nee dee Plang ass net méi konform. Sou datt d’Haus lo de 14. zoumécht. An da kucke mer wéi et weidergeet, vläicht kréie mer eng zweet Marquise hei zu Ettelbréck op der Gare.”
D’Argument fir de Refus vun der Gemeng ass, datt d’Bautereglement et op där Plaz net erlaabt, sou wäit an d’Déift ze bauen, wéi am Projet virgesinn. An der Märei kann een d’Onzefriddenheet awer duerchaus verstoen.
“De Bauprojet, dee virgesi war, war eigentlech eng komplett Bebauung vun der Parzell an dat ass laut Bautereglement just op engem Niveau um Existant méiglech, um Niveau Null an uewendriwwer missten dann awer Recullen agehale ginn, wat sengerzäit net sou kommunizéiert gi war, wat net glécklech war. Mee ech hunn him dat awer matgedeelt a mir mussen eis do wéi iwwerall awer un d’Reegelen halen.”
Et läit eng Propos vun der Gemeng um Dësch, d’Gebai ze kafen, ma béid Säite loossen awer duerchblécken, datt een aktuell beim Präis wäit auserneeläit. Wat de Chantier op der Gare ugeet, sou hätt dee Retard kritt, wat natierlech net positiv fir de Quartier wier. De Gemengepapp verweist awer och op déi grouss Envergure an d’Komplexitéit vum Chantier. D’Aarbechten um Tunnel géingen awer aktuell gutt viru goen. Mat Bléck op d’Sécherheetssituatioun op der Gare plangt d’Gemeng, Kameraen ze installéieren. Et géing een awer och kucken, fir d’Strooss urbanistesch méi frëndlech a faarweg ze gestalten.