Tëschent Oktober zejoert an Abrëll dëst Joer sinn d'Baupräisser ëm 0,5% geklommen, vun Abrëll 2023 bis Oktober war et nach eng Hausse vun 1,2%.

Dat mellt de Statec an engem Communiqué. Grond heifir wier wuel e generelle Recul vun de Präisser am Réibau mat gläichzäitege Präishaussen am Beräich vun den techneschen Installatiounen.

RTL

Evolutioun vum Präisindex an der Konstruktioun vun 2010 bis 2024 / © Statec

Wärend d'Präisser am Réibau wéinst engem generelle Manktem un Demande zeréckgaange sinn, sinn d'Präisser besonnesch bei de sanitären Installatiounen (+1,8%), Heizungen a Ventilatiounen (+2,1%) oder elektreschen Installatiounen (+3,5%) geklommen.

De komplette Rapport vum Statec kënnt Dir hei noliesen.