Tëschefall op der A7Auto hat am Tunnel Grouft Feier gefaangen, Situatioun ass ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg koum et zu engem Brand op der Nordstrooss, dat am Tunnel Grouft a Richtung Stad.
Auto hat am Tunnel Grouft Feier gefaangen, Situatioun ass ënner Kontroll
E Méindeg de Mëtteg koum et zu engem Brand op der Nordstrooss, dat am Tunnel Grouft, wann een a Richtung Stad ënnerwee war.

Kuerz no 17 Auer koum et zu engem Tëschefall op der A7 am Tunnel Grouft. Hei hat en Auto am Tube fir a Richtung Stad Feier gefaangen. D’Rettungsekippe ware séier op der Plaz an haten de Brand no ronn enger hallwer Stonn geläscht. Wéi et vum CGDIS heescht, wier et beim Materialschued bliwwen.

Vun Zeien op der Plaz war ze héieren, datt een Damp aus dem Tube a Richtung Stad gesinn hätt kommen. Och wiere béid Tuben, esouwuel deen a Richtung Stad wéi och deen a Richtung Norden, wärend den Aarbechte fir den Trafic gespaart ginn. Och hei war ze héieren, datt den Damp séier nogelooss hat, wéi d’Rettungsdéngschter bis op der Plaz waren.

Back to Top
CIM LOGO