Wisou dauert et Wochen, bis ee rembourséiert gëtt?
© Envato
Eng ganz Partie Leit reege sech doriwwer op, dass et ëmmer sou laang dauert, bis eng Rechnung vum Dokter rembourséiert gëtt. Mä wisou déi Retarden?
Eigentlech huet een zu Lëtzebuerg Chance mam Gesondheetssystem an der Krankekeess. Et geet ee bei den Dokter, schéckt seng Rechnung an an et kritt een dann e gudden Deel dovun zeréckiwwerwisen. Dat ass bei den Amerikaner zum Beispill net esou.
Ma d'Remboursementer dauere bei der staatlecher Krankekeess (CNS) dacks eng ganz Partie Wochen. Wochen, an deenen d'Leit op hir Sue waarde mussen. Dëst féiert ëmmer rëm zu Opreegung. Besonnesch schwiereg ass et fir déi Leit, déi schonn net vill Suen hunn a wou eng 150-Euro-Rechnung vum Spezialist e Lach am Portmonnie hannerléisst.
2, 5 oder 10 Wochen?
Wéi et an der Äntwert vun der CNS op eng parlamentaresch Fro rezent heescht, dauert e Remboursement vun enger Dokteschrechnung am Joer 2024 duerchschnëttlech 46 Deeg, dat si 6 Wochen. Dat wier eng Verbesserung, wann ee sech d'Zuele vun de leschte Joren ukuckt.
| Joer | Dauer vun engem Remboursement |
| 2020 | 72 |
| 2021 | 61 |
| 2022 | 52 |
| 2023 | 50 |
| 2024 | 46 |
Heimat ass d'Unzuel un Deeg gemengt, déi et brauch vun deem Dag un, wou d'Rechnung bei der CNS ukënnt bis den Dag, wou dës rembourséiert gëtt.
Wéi dëse Prozess vum Remboursement ausgesäit, hänkt vun der Rechnung of. Mä allgemeng kënnt de Bréif fir d'éischt beim Courrier un, gëtt zortéiert a lant dann am zoustännegen Service. Da ginn et nach ënnerschiddlech Ofleef ofhängeg dovun, ëm wéi eng Rechnung et geet.
"Et gi Rechnungen, déi kënnen direkt gescannt ginn a soumat via lecture optique gelies a saiséiert ginn. Bei anere Rechnungen ass dat net méiglech an do muss alles manuell gemaach ginn", sou d'Explikatioune vum Ministère fir Gesondheet a Sozial Sécherheet.
Ma besonnesch kleng Dommheete kënne fir Delaie suergen. Dozou gehéiere Markéierunge mam Textmarker oder Agraffen un de Rechnungen. Hei fannt Dir e puer Tipps vun der CNS, wéi een de Mataarbechter an dem Scanner d'Aarbecht vereinfache kann.
Vill Aarbecht, net genuch Mataarbechter
En anere Grond dofir, dass d'Remboursementer e puer Wochen op sech waarde loossen ass, dass d'Krankekeess immens vill Aarbecht huet. All Dag gi vun der CNS am Duerchschnëtt 19.800 Remboursementer traitéiert. D'lescht Joer waren et ëm 19.000 den Dag an 2022 duerchschnëttlech 18.400.
D'Zuel vun den alldeegleche Remboursementer ass also iwwert déi lescht 3 Joer an d'Luucht gaangen. Dobäi kënnt, dass et der CNS u Personal feelt. Dofir gouf rezent och matgedeelt, dass een Interimsaarbechter géif astellen, fir géint d'Retarde virzegoen.
Dringend op d'Suen ugewisen?
Kann ee keng Wochen op d'Remboursement waarden, gëtt et ëmmer nach d'Méiglechkeet, sech an engem Guichet vun der CNS direkt rembourséieren ze loossen. Mä opgepasst! Zënter Uganks Mee kann ee just nach mat Rendez-vous an e Guichet goen. A verschiddenen Agencë ginn et Rendez-vouse fir den nächsten Dag. E Rendez-vous kann een hei huelen.
Dës weidere maachen och ëmmer méi Doktere beim "Paiement immediat" mat. Bei méi wéi 250 Doktere bezilt de Patient just nach säin Deel a kënnt sou laanscht Waardezäite fir e Remboursement bei der CNS.