Ass d'Piratepartei dem ONA Zéngdausende vu Steiersue schëlleg?

Bei der Piratepartei ass déck Loft. Ufank der Woch ass mam Ben Polidori ee vun de bis dohin dräi Deputéierten ausgetrueden.
Doropshin huet de Marc Goergen dem Sven Clement reprochéiert, datt deem säin Ëmgank mat Suen, déi der Partei gehéieren, ee groussen Undeel un der Decisioun vum Ben Polidori gehat hätt. Am Mëttelpunkt steet dobäi den Dossier MALT, iwwert dee fir d'éischt d'Kolleege vun der Luxembourg Times an dem Lëtzebuerger Wort bericht hunn. MALT steet fir "Mobile Assisted Language Tool", dat war eng App, déi d'Piratepartei fir den Office National de l'Accueil entwéckele sollt an déi Leit aus dem arabeschsproochege Raum dobäi hëllefe sollt, Lëtzebuergesch ze léieren. Ma mëttlerweil fuerdert den ONA awer ee gudden Deel vun de Suen, déi un d'Piratepartei bezuelt goufen, zeréck.
Wat huet et da genee mat där App op sech a wéi gouf se finanzéiert?
Am August 2015 huet den deemolegen OLAI een oppenen Appell fir Projeten am Kader vum nationale Programm fir Asyl, Migratioun an Integratioun fir den Zäitraum vun 2014 bis 2020 lancéiert. An deem Kader huet sech d'Piratepartei gemellt a krut um Enn och den Zouschlag, fir eng Iwwersetzungsapp ze entwéckelen. Dës sollt 500 Lëtzebuerger Wierder a 50 Sätz ëmfaassen, déi an d'Arabescht a spéider och aner Sproochen iwwersat sollte ginn. Dem Ministère du Vivre ensemble et de l'accueil no gouf dës App am Juni 2017 lancéiert a war bis Oktober 2021 funktionell. Se gouf 987 Mol erofgelueden, 394 Persounen hunn d'Hallschent vun de Modullen ofgeschloss an 241 Persounen hunn all d'Modullen ofgeschloss. An de Joren 2016 an 2017 gouf jee eng Konventioun ënnerschriwwen, déi zesummen ee Wäert vu gutt 208.000 Euro haten. Dës goufen zu 45 Prozent vun der Europäescher Unioun, zu 45 Prozent vum Lëtzebuerger Staat an zu 10 Prozent vu privater Säit finanzéiert. Realiséiert gouf d'App iwwregens net vun der Piratepartei selwer, mee vun der Firma Clement&Weyer, déi dem Piratendeputéierte Sven Clement an dem Jerry Weyer, deen d'Partei matgegrënnt huet, gehéiert. Dem Sven Clement no hätt een een Appel à Projet um Internetsite vun der Partei publizéiert an tëscht enger hallwer Dosen an 10 Entreprisë proaktiv ugeschriwwen, ma et wier keng interesséiert gewiescht.
A wat fir eng Onreegelméissegkeete sinn op eemol opgefall?
Et muss ee fir d'éischt emol soen, datt d'Onreegelméissegkeeten iwwerhaapt just opgefall sinn, well op EU-Niveau méi streng kontrolléiert gëtt wéi zu Lëtzebuerg. Am Optrag vun der Inspection Générale des Finances huet KPMG een Audit gemaach, deen RTL virläit. Doraus geet virun allem ervir, datt et mat Bléck op d'Payementer dacks u Piècë feelt, respektiv net novollzéibar ass, firwat verschidde Saache kaaft goufen. Ee bëssi méi skurrilt Beispill erausgegraff. D'KPMG stellt sech d'Fro, firwat 110 USB-Sticken am Wäert vu méi wéi 400 Euro ugeschaaft goufen. Vun de Piraten heescht et op Nofro hin, datt et à la base net just eng App fir den Handy war, mee se och op lokale Computere genotzt sollt kënne ginn. Ee weidere Kritikpunkt vun der KPMG ass, datt bei de Salairen, déi bezuelt goufen, 80 Krankestonne sinn, woubäi de Remboursement duerch d'Gesondheetskeess net am Dossier opdaucht.
Wéi kann et dann iwwerhaapt sinn, datt esou vill Piècë feelen?
Dat ass eng gutt Fro. Et schéngt, wéi wann d'Comptabilitéit esouwuel bei de Pirate wéi beim ONA, soe mer emol, suboptimal geréiert gouf. Quasi op all Kritik, respektiv Recommandatioun vun der KPMG, heescht et am Ufank vun der Reaktioun vum ONA: L'AR, dat steet fir d'Autorité responsable, prend acte oder note de la recommandation. Datt een d'Piratepartei opfuerdere géing, déi Piècen nozereechen, steet néierens. Eis läit ee Schreiwes vum ONA-Direkter Yves Piron vum 21. Juni 2023 vir, an deem no Piècë gefrot gëtt. De Bréif liest sech esou, wéi wann zu deem Moment een Audit géing realiséiert ginn. Ma an eben deem Audit heescht et, datt e vun November 2022 bis Januar 2023 realiséiert gouf. De Ministère erkläert dat domadder, datt d’Resultater vum Audit vun der IGF un d’europäesch Kommissioun geschéckt goufen, déi dunn am Juni 2023 zousätzlech Dokumenter gefrot hätt, déi den ONA dunn ebe vun der Piratepartei gefrot hätt.
Wéi vill Sue freet den ONA konkret zeréck?
An engem Schreiwes vum 16. November 2023 schreift den Yves Piron, "je vous saurais gré d'effectuer un virement de ce montant sur le compte de la Trésorerie de l'Etat". De Montant beleeft sech op ronn 92.300 Euro. Vum Piratendeputéierte Sven Clement heescht et, datt déi Formuléierung drop schléisse loosse géing, datt et sech net ëm eng offiziell Decisioun vum ONA handele géing. An deem Fall hätt ee scho laang de Huissier virun der Dier stoe gehat. Seng Firma wier iwwregens mat ronn 33.000 Euro am Coup. Am Audit vun der KMPG gëtt an engem Tableau de gesamte Montant potentiel à payer (à recouvrer) iwwerdeems mat knapp 80.000 Euro uginn. Wéi sech deen Ënnerscheed erkläert, kann ee beim Ministère net erklären. Souwisou wier een am Moment amgaangen, den Dossier juristesch ze préiwen. Wat dat genee heescht a wéini deen Avis juridique virleie kéint, och dat ass net gewosst. De Sven Clement geet dervun aus, datt de Ministère emol préiwe léisst, ob een d'Piratepartei iwwerhaapt juristesch usiche kann. Hie behaapt sech dorobber, datt fir déi bezuelte Suen ëmmerhin eng Leeschtung erbruecht gi wier.