An der Nuecht op e Freideg huet d'Police op der Place d'Armes missen intervenéieren, nodeems do e puer Leit uneneegerode waren.

No der Kläpperei ass d'Grupp a Richtung Hamilius, respektiv a Richtung Rue Notre Dame fortgelaf, ma d'Police konnt déi gemellte Persounen trotzdeem nach ermëttelen. Ee vun de Männer gouf mat op de Policebüro geholl, well hien duerch säin alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war. Hien huet missen an de Passagearrest bruecht ginn.

Ee weidere Fall fir d'Ausniichterungszell hat et da schonn en Donneschdeg am Nomëtteg zu Déifferdeng ginn. De Beamte war eng Persoun gemellt ginn, déi op der Fuerbunn an der Rue Emile Mark souz. D'Police konnt de Mann kuerz Zäit drop fannen. Well hie sech net kooperativ gewisen huet an d'Beamte beleidegt huet, gouf och hien no enger medezinescher Ënnersichung an de Passagearrest bruecht.

Zu Diddeleng gouf dann an der Nuecht op e Freideg nach ee Fürerschäin an der Rue du Parc agezunn, nodeems een Auto Schlaangelinne gefuer war. D'Beamten haten den Alkohol scho gericht, an een Test huet confirméiert, datt de Chauffer ze vill gedronk hat.