"Deen Esch-Bashing mécht een als Geschäftsfra bëssen traureg"
Ugangs den 90er Jore gouf d'Escher Uelzechtstrooss an eng Foussgängerzon ëmgewandelt. Ass den Escher Commerce zanterdeem nach attraktiv?
Och wann ee vun do un net méi mam Auto bis virun d’Geschäftsdiere konnt fueren, waren d’Butteker an der Minettmetropol ëmmer gutt besicht. Wéi gesäit et haut aus? Ass den Escher Commerce nach attraktiv? Wat soen agesiessen Escher Geschäftsleit zu der Situatioun?
D'Uelzechtstrooss ass zwar nach ëmmer déi längst Akafsstrooss am Land, mee vill Geschäfter si mat der Zäit verschwonnen oder goufen ersat. Verschidde Butteker hunn et awer fäerdeg bruecht, iwwer Joerzéngten hir Plaz ze verdeedegen. Sou zum Beispill d’Bijouterie Hirsch-Glesener, déi et zënter 1911 zu Esch gëtt. Mëttlerweil ass se an der 4. Generatioun. Den Nicolas Kremer, Gerant vun der Bijouterie a President vum Escher Geschäftsverband erënnert sech:
"Fréier do war jo d'Industrie an d'Arbed hei. Déi Zäit hunn d'Leit jo am Iwwerfloss hei kaf. No den 80er Joren ass jo op emol d'Stolkris komm an dunn ass alles e bësse méi lues gaangen. Mee mir sinn awer hei, Esch ass eng Stad, wou ganz vill Leit wunne sur place an doduerch hu mer nach ëmmer konnte bestoen."
Och d'Anne Diderich vun der Librairie Diderich, déi 1945 opgaangen ass a lo an der drëtter Generatioun gefouert gëtt, fënnt Esch ëmmer nach attraktiv:
"Ech ka feststellen, dass immens vill jonk Familljen och erëm op Esch wunne kommen, wou zréckkommen. Et sinn am Fong ganz vill Saachen, wou ugebuede ginn an ech denken, dass dat awer ganz vill ausmécht, fir dass Esch lieweg ass an och lieweg bleift. Deen Esch-Bashing mécht een als Geschäftsfra bëssen traureg."
Dass eng Rei Geschäftslokaler zu Esch géifen eidel stoen, wier wouer a géif sécherlech kee gudden Androck maachen. Mee dat wier net eleng en Escher Phänomen, erkläert de Gusty Lispi vum Musekszenter Scala, e Geschäft, dat och zënter 75 Joer zu Esch besteet.
"Gitt mol op Thionville, dat ass jo net ganz wäit ewech. Do ass genau dee selwechte Phänomen. Do sinn immens vill Butteker, déi op emol zoumaachen an de Problem ass, jonk Leit hunn net méi sou de Courage, eppes unzefänken."
Dacks géife Familljebetriber och keen direkte Successeur méi fannen an da kéim et zu Fermeturen, wouduerch d'Lokal alt mol méintelaang géif eidel stoen. E Problem wieren och awer déi héich Loyeren. Dat confirméiert och de Serge Daniel Kaboré, dee sech zesumme mat senger Fra eréischt virun 3 Joer mat engem Geschäft an der Uelzechtstrooss etabléiert huet. Fir datt e Commerce iwwerlieft, wier de Produit an de Service um Client wichteg, deen een online net sou ubidde kéint.
Spezifesch am Escher Zentrum kéint een, de Geschäftsleit no, awer och nach méi ubidden, fir Kanner unzezéien. Méi Mixitéit, wat d'Geschäfter ubelaangt, wier néideg. Ausserdeem wënscht ee sech Méiglechkeeten, fir datt d'Clientë gratis kënne parken.