Präisdeierecht, Online-Konkurrenz an net onbedéngt e Parking virun der Dier: Et si keng einfach Zäite fir den Eenzelhandel.

Dat spiert een a ganz Europa. An och zu Ettelbréck struewelen d’Geschäfter deelweis, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
 
Ettelbréck ass d’Paart fir an d'Éislek, an domat och eng wichteg Adress fir d’Leit aus dem Norden.Trotzdeem geréit den Eenzelhandel deels an d’Laberenten. Duerch d’Präisdeierecht hunn d’Cliente manner Suen, ausserdeem wiisst d’Konkurrenz online. Dat spiert och d’Sara Alves, déi zanter 3 Joer mat hirem Geschäft Kid’s Fashion an der Ettelbrécker Groussgaass ass. Dëst Joer hätt si 40 Prozent manner Ëmsaz gehat. D’Geschäftsfra ass eleng an hirem Buttek a probéiert, de Kapp iwwer Waasser ze halen

10 Prozent Leerstand

Eng zéng Prozent vun de Geschäfter stinn an Ettelbréck eidel, dat weisen déi neisten Zuelen aus dem Cadastre du Commerce vum Observatoire National des PME.

An der Passage an der Foussgängerzon treffe mir op den Antonio Lopes, dee joerzéngtelaang e Schonggeschäft zu Ettelbréck gefouert huet. Elo sinn d’Këschte gepaakt, d’Geschäft ass zou. Hie muss aus Krankheetsgrënn ophalen, en Nofollger gëtt et net. Fir d’Vendeuse Aurora Texeira da Silva geet et zeréck an de Chômage: “’t ass wierklech Kris. Ee Geschäft nom anere mécht zou».

D’Passante vermëssen iwwerdeems méi Parkplazen am Zentrum, oder och nach méi eng grouss Offer fir Jonker.

Dauerbrenner Sécherheet

Och d’Sécherheet läit verschiddene Commerçanten a Passanten um Mo: No 18 Auer wier et net méi schéin, sech an der Grand-Rue opzehalen. Si ziele vu Clocharden, déi haart wieren an d’Leit belästege géingen. Och zu Ettelbréck fält an deem Kontext ëmmer nees d’Gare, wou een owes net gären duerchtrëppele géif.

 

Ettelbréck wëllt op Pop-Up setzen

Net grad esou schwaarz gesäit de Marc Jager a sengem Generatiounebetrib Iwwer 130 Joer gëtt et si schonn hei, mëttlerweil huet hie souguer e puer Geschäfter an ass am Tourist Office fir de Commerce zoustänneg. Hie versteet déi finanziell Suerge vun de Commerçanten, réit hinnen awer duerchzehalen. D’Cliente géinge sech un d’Präisdeierecht gewinnen an d’Onsécherheet géing ofhuelen.

De Leerstand wier zu Ettelbréck  souguer méi niddreg wéi am nationalen Duerchschnëtt  a wat d’Sécherheet ugeet, do misst een d’Leit net nëmme verdreiwen, mee encadréieren.

Mat Pop-Up Storë wëllt Ettelbréck elo nei Commerçanten unzéien an d’Foussgängerzon beliewen - gesicht ginn zum Beispill Blummebuttek, eng Vinothéik, oder nach e Sportsbuttek.