Eng attraktiv Offer, ma ze héich Loyeren
Mam gudde Wieder sinn och d'Leit nees zréck an der Stad.
Erliichterung bei de Geschäftsleit. No engem gudden éischten Trimester wär dat zweet bal grad esou schlecht wéi d'Meteo gewiescht, heescht et.
"D'Stad ass attraktiv, d'Offer grouss, vu präiswäerte Produite bis zum Luxussegment”, seet de Laurent Dufraisse. Den Direkter vun engem Geschäftshaus an der Uewerstad begréisst, datt bal all d'Geschäftslokaler ëm de Royal Hamilius verlount wieren. Och an de Stroosse ronderëm géifen nei Bailen ënnerschriwwe ginn.
D'Situatioun vum Eenzelhandel hänkt vum Secteur of, gi mer beim Stater Geschäftsverband gewuer. Méi schwéier wär et den Ament fir d’Moudebranche. D’Direktesch Anne Darin betount, verschidde Fermeturë wären duerch international Faillitte bedéngt. Woubäi déi betraffe Butteker an der Stad awer gutt gaange wären.
D’Haaptbelaaschtung fir vill Geschäftsleit sinn déi héich Loyeren. Verschidde Proprietäre ware bereet, de Präis frësch ze verhandelen, seet d’Anne Darin.
Stad Lëtzebuerg sicht Kontakt mat de Proprietären
Op der aler Avenue op der Gare steet ee Véierel vun de Geschäftslokaler eidel. D’Gemeng wär amgaangen, hei aktive Kontakt mat de Proprietären ze sichen, fir si ze sensibiliséieren, erkläert den éischte Stater Schäffen Maurice Bauer. "Et ass awer haut e Fakt, datt mer eng Rëtsch Lokaler hunn, déi warscheinlech ze deier sinn a mer dowéinst kee fannen, dee wëll dra goen."












D'Situatioun op der Gare hätt sech déi lescht zwee Méint verbessert, erzielt eis de Steve Quaring, Patron vun engem Brëllebuttik an der Origer Strooss. "Och mat de Strummerten, déi si manner present am Moment, d'Gare ass och vill méi propper."
Den Effekt vun de verstäerkte Sécherheetsmesuren op der Gare spiert een, confirméiert d'Malvina Gelezuinas aus engem Schongbuttek an der aler Avenue, deen 2030 seng 100 Joer feiert. "Mir gleewen un de Garer Quartier."
Ënnert den Awunner hätt si trei Clienten, och de Passage vun de ville Leit ronderëm d'Gare géif d'Geschäft beliewen. Begréisst ginn och d'Concerten, déi d’Stad Lëtzebuerg donneschdesowes organiséiert, fir d'Gare ze beliewen. Och d'nei Ouverture Hotel Alfa Enn des Joers wäert frësche Wand an de Garer Quartier bréngen.