Duerch den Tourismus, ma och duerch dat neit Parkhaus ass de Stadkär ronderëm d'Haalergaass an d'Maartplaz gutt belieft.

Dës ganz Woch kucke mir op den Eenzelhandel hei am Land. Erausfuerderunge ginn et der vill. Tëscht Online-Konkurrenz a Präisdeierecht ass et net einfach, speziell a klenge Stied e Commerce ze bedreiwen. Zu Iechternach bléist – ganz ongewinnt – en nawell immens positive Wand duerch d’Haalergaass. Virun allem zanter et dat neit Parkhaus gëtt an de Parking-Problem behuewen ass. D’Geschäftsleit sinn sech eens, si wéilten néierens anescht sinn.

D’Liliane Faber ass zanter 4 Joer an der Pensioun. Ma aus Passioun fir de Beruff schafft si weider. "Ech sinn an enger Schongkëscht gebuer", seet d'Patronne iwwert sech selwer. De Kontakt mat de Clienten hätt hir schonn ëmmer grouss Freed bereet. Dowéinst huet si 1995 och mat hirem Brudder de Buttek vun hiren Elteren iwwerholl. Haut gesäit et mat der Nofolleg awer méi schwéier aus. D'Successioun ass eng Erausfuerderung vum Eenzelhandel, déi och zu Iechternach fir Kappzerbrieches suergt. Fir allgemeng méi Jonker an de Beruff ze kréien, sollten déi administrativ Demarchen onbedéngt vereinfacht ginn, fënnt d'Liliane Faber.  
 
Dem Iechternacher Geschäftsverband UCA no wier et och gutt, wann Initiative geschafe ginn, fir geziilt de Leerstand ze bekämpfen. Dat awer mat Butteker, déi Clienten unzéien an an der Geschäftsstrooss nach feelen, wéi zum Beispill eng Néiesch oder eng Wäscherei, betount d'Silke Müller Vize-Presidentin vum Geschäftsverband. Do wier och d'Politik, respektiv d'Gemeng gefuerdert. 
 
Dacks géinge sech déi jonk Leit och net trauen, esou nach d'Liliane Faber. An engem festen Job ass ee besser ofgeséchert, dat huet een als Geschäftsfra net. Besonnesch wärend der Pandemie hätt sech dat zum Deel ganz dramatesch gewisen. 
 
D'Successioun ass am Eenzelhandel eng grouss Erausfuerderung
 
Eng jonk Fra, déi sech awer getraut huet ass d’Sarina Schreiber. Mat hirer Mamm huet si virun e puer Wochen e Kannerbuttek iwwerholl. "Wéi ech de Buttek gesinn hunn, wosst ech direkt, dat ass dat wat ech maache wëll."
 
Trotz Baustelle virun der Dier, enzwousch anescht kéinten déi zwou Frae sech de Buttek net virstellen. Ma natierlech hätt et awer och vill Froe ginn. Zum Beispill ob genuch Clientë kommen. Ma et misst ee sech ëmmer upassen. A wann een dat mat Häerzblutt mécht, da géing dat scho goen, dovunner wier si iwwerzeegt, seet déi jonk Mamm.
 
Mee wéi kënnt dat, dass sech d’Geschäftsleit zu Iechternach esou positiv weisen?
 
Et ass déi kollegial Zesummenaarbecht, esou d’Silke Müller vum Geschäftsverband. An dat soll och duerch eventuell nei Konkurrenz net perturbéiert ginn. Stéchwuert: City Outlet. E Projet deen 2016 scho lancéiert gouf. Et wier ee sécher net dogéint, wann d'Gemeng de Leerstand mat engem City Outlet wëll bekämpfen, esou d'Vizepresidentin vum UCA. Ma et misst awer ëmmer am Dialog gekuckt ginn, dass déi nei Butteker net a Konkurrenz sti mat de Geschäfter, déi scho laang do sinn an déi de lokale Commerce esou laang um Liewe gehalen hunn, betount d'Silke Müller. Zanter dem politesche Wiessel op der Gemeng hätt de Geschäftsverband awer näischt méi iwwert de Projet gesot kritt. Do erhofft ee sech geschwënn nees en Update ze kréien.*
 
Haut gehéiert de Nonnemillen-Center dozou
 
Änlech Froen zu der Konkurrenz goufe sech virun 8 Joer fir d’Ouverture vum Nonnemillen-Center gestallt. Haut gehéiert de Shoppingzenter am Agang vun Iechternach dozou. Dat betounen och d’Geschäftsleit aus dem Stadkär. Fir d’Braderie oder soss Eventer kéint een awer nach besser zesummeschaffen. 
 
Dorop äntwert de Spriecher Nonnemillen-Center, Dennis Wagner, dass d'Cliente weekends souwisou am Shoppingzenter akafe kënnen, dowéinst géingen d'Leit fir d'Braderie éischter an de Stadkär goen. Ma et wier een awer an engem gudden Austausch mat de Geschäftsleit an och bereet d'Zesummenaarbecht auszebauen, fir nach besser op de Client kënnen anzegoen. 
 
Op de Client duergoen, zesummeschaffen a mat der Zäit matgoen, dat schéngt d’Geheimrezept vun der Iechternacher Geschäftswelt. An et klappt!
 
Ma fir dass eng kleng Stad vu 6000 Awunner awer weider kann esou belieft bleiwen, geet et mat der Leidenschaft, déi haut do ass, net duer. Gebraucht gëtt eng genee esou leidenschaftlech Successioun.

*D'Carole Hartmann, Buergermeeschtesch vun der Stad Iechternach, huet sech no der Diffusioun vum Reportage bei RTL gemellt an drop higewisen, dass Si, wat den Outlet-Projet ugeet, zanter dem politesche Wiessel méi Transparenz wéilt erabréngen. Si géif dozou Erklärungen am Gemengerot ginn an och a ganz enkem Kontakt mam Geschäftsverband stoen. Et hätt an deem Sënn och schonn eng Partie Echangë ginn, notamment am September 2023 bei de "Wirtschaftsgespräche", op der Assemblée générale Enn Oktober 2023 an dëst Joer an zwou Versammlungen am Februar an am Mee. D'Madame Hartmann hätt sech do vill Zäit geholl fir de Leit am Comité Ried an Äntwert ze stoen, zu alle Froen.