De Motto vun der 25. Editioun "Kanner in the City"
© Laura Trierweiler
E Samschdeg de Mëtteg hu sech erëm e puer honnert Kanner tëscht 4 an 12 Joer op deem grousse Spillfest "Kanner in the City" an der Stad getraff.
Organiséiert gouf den Event vum Zentrum fir Fräizäitaktivitéiten, dem CAPEL, am Kader vun der Aktioun Bambësch. E Freideg ware schonn ëm déi 800 Kanner an der Stad, fir sech z’ameséieren.
"Traus de dech?", dat ass de Motto vun dëser 25. Editioun "Kanner in the City". Bal 50 verschidde Stänn waren an der Stad verdeelt, déi meescht op der Plëss oder um Knuedler. Bei deene verschiddene Spiller konnten d’Kanner da lafe, sprange, kloteren a kruebelen. Et gouf awer och geschmaacht, gericht, getaascht a villes méi, wann ee sech de getraut huet, esou d’Animateure vun de Spiller.
"Mäin Numm ass Pirat Jojo. Mäi Spill ass d’Piratecourse. Wann een e Member vu mengem Equipage ass, kritt een och eng Goldmënz".
"Mir sinn hei am Hokus-Pokus-Haus. Mir wollten am Fong mat eisem Atelier de Kanner bäibréngen hir Sënner ze benotzen a sech trauen da villäicht och e bëssi méi extra Saachen ze schmaachen oder ze richen oder ze fillen."
"Ech hunn haut e Sangstand, dat heescht d’Kanner hunn eng Bün, e Mikro, Musek an déi sech da gären trauen, déi stinn dann och der Bün a sangen hir Lidder vir."
"Traus de dech an der Donkelheet ze krabbelen, ouni wierklech ze wësse wou’s de krabbels?"
"Si si plätschnaass hei op eisem Atelier, et gëtt vill mat Waasser geschafft."
"Mir maachen amfong e Go-kart-Atelier opgebaut op d’Mario-Welt mat de Kanner."
D’Kanner ware begeeschtert vun deene villen Aktivitéiten. Wat hinnen am beschte Gefall huet, hu si och verroden.
"Alles!"
"Dee Parcours! Do misste mer eis do un de Seeler unhalen an iwwert dat Holz goen an da misste mer eis do drun hänken a sou weider kloteren. Am Ufank hat ech e bëssi Angscht mee dunn hunn ech et awer gemaach."
"Dee Parcours! An do ware mer geséchert, mat esou engem Seel-Déngens"
"Ech fannen am coolsten, den Draach!"
"Fir mech war de Mario Kart, dee war ganz cool."
Et kann een also soen, dass e Freideg e gelongene Summerdag fir d’Kanner war. Och dëse Samschdeg vun 14.30 Auer bis op d'mannst 18 Auer kënne si an der Stad weiderspillen. Grouss a kleng si wëllkomm an d’Matmaache kascht och näischt e wéi just e bëssi Mutt.







