No der Bedruchsaffär bei der Caritas gouf jo virun annerhallwer Woch e Krise-Comité op d’Bee gestallt, den och d’Gouvernance vun der ONG iwwerhëlt.

D’Regierung hat ugekënnegt, dass kee Cent méi géing fléissen, bis dass gekläert wier, "wie wat bei der Caritas falsch gemaach huet” an dat, obwuel vill wichteg Aarbecht weiderhi muss a soll geleescht ginn. Ass dat de richtege Wee?

D'Parteien reagéieren op d'Caritas-Affär - Reportage Annick Goerens

Ugefaange bei déi Lénk, déi sech schonn e Mëttwoch per Communiqué zu Wuert gemellt haten. Den Deputéierte Marc Baum: “Ech mengen, dass de Luc Frieden sech iert, wann hie mengt, dass dat alles just der Caritas hir Responsabilitéit ass. Et dierf een net vergiessen, dass d’Caritas "hoheitlech" Aufgaben am Numm vum Staat iwwerhëlt. Dat heescht d’Regierung selwer huet och ee Problem. An ech mengen, dass et wichteg ass, dass all déi Aktivitéiten, déi d’Caritas mécht, an ech insistéieren op alleguerten, wierklech assuréiert ginn... Dass déi Leit déi do schaffe, dass hir Aarbecht weiderhi valoriséiert gëtt. An dass een och muss kucken, dass d’Caritas awer eng Organisatioun war, déi sech och an der Vergaangenheet ëmmer erëm kritesch geäussert huet, dass een elo vun dëser Noutsituatioun profitéiert, fir een 'onliebsame' Kritiker monddout ze maachen.” 
 
Änlech Téin komme vun déi Gréng, d’Parteipresidentin Djuna Bernard: “Mir fonctionéieren hei an engem System, wou de Staat Aufgaben, déi u sech seng Aufgabe sinn, un aner Organisatiounen ofgëtt, fir dass déi déi Aarbechte fir hie maachen. An dat mécht d'Caritas zanter ville Joren an dat och op eng ganz proaktiv Aart a Weis, well d’Caritas huet och oft scho Problemer erkannt, iert de Staat se erkannt huet. An ech fannen et dann awer och e bëssen einfach ze soen, “dat ass der Caritas hire Problem”. [...] Et misst och jiddwerengem ze denke ginn, wat elo mat der Caritas geschitt. Et stelle sech eng Rei systemesch Froen. Mee et stellen sech natierlech och ganz akut Froe fir d’MataarbechterInnen vun der Caritas, mee och fir all déi Projeten, déi si um lafen hunn.” 

Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet Versteesdemech: “Ech fannen, dass d’Regierung ganz streng ass mat der Caritas, wat een awer och ka verstoen, well et ëm Sue geet vun der Allgemengheet a vum Steierzueler. Wat awer wichteg muss sinn, dat ass, dass déi Aufgaben, déi d’Caritas huet an déi se am Déngscht vun eis alleguerte mécht an och am Déngscht vun der Regierung, dass déi Aufgaben och kënne weidergefouert ginn, well déi komme ganz dacks Deenen zugonschten, déi et net sou gutt am Liewen hunn.”
 
Mat där Fuerderung sinn och d’Majoritéitsparteien d’Accord. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann: “Ech mengen et ass ganz wichteg, dass d’Aktivitéite vun der Caritas weiderlafen. Dofir ass jo och intern bei der Caritas e Krise-Comité en place gesat ginn, wat eng ganz gutt Saach ass. Et ass eng Instruktioun am Gaangen an ech mengen, dass een déi Instruktioun muss ofwaarden, fir ze kucken, wat genau d’Problemer waren, a fir ze kucken, wéi et dann duerno weidergeet.”

Den Dossier Caritas bleift op alle Fall eng Affaire à suivre.