Wiessel un der Spëtzt vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner
© Nicolas Sottiau
Et gëtt ee Wiessel un der Spëtzt vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. D'Anne Goeres ass net méi Direktesch.
Schonn den 10. Juli huet de Pierre Dochen, dee bis dohin Directeur administratif et financier bei der Fondatioun war, hir Tâchen iwwerholl a representéiert d'Fondatioun vis-à-vis vun externe Partner, dat geet op d'mannst aus enger automatescher Äntwert op eng Mail un d'Anne Goeres ervir.
Datt et zu der Trennung komm ass, krute mer vum President vum Verwaltungsrot, Gaston Ternes, op Nofro hi confirméiert. Hie schwätzt vun enger "procédure à l’amiable", déi eréischt Ufank Oktober ofgeschloss géing ginn. An engem Schreiwes vum Affekot vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner heescht et iwwerdeems, d'Fondatioun hätt sech vun hirer fréierer Direktesch getrennt an déi aarbechtsrechtlech Prozedure wieren amgaangen. Zu de Grënn vun där Decisioun wollt sech bis elo kee vun deene Betraffenen äusseren.
© Yves Kortum
Rezent ware fréier Mataarbechter vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner un RTL erugetrueden an hunn ënnert anerem vun engem problemateschen Ëmgank mam Personal geschwat, notamment duerch déi deemoleg Direktesch. Mir hunn déi Responsabel vun der Fondatioun mat deenen Aussoe konfrontéiert. Ob et een Zesummenhank tëscht de Reprochen an der Trennung gëtt, ass aktuell net gewosst.