D’Réidener Groussgaass zitt sech queesch duerch d’Uertschaft. D’Häerzstéck ass d’Réidener Spënnchen.

Eng Mëschung aus Epicerie, Zeitungskiosk a Café mat klenger Restauratioun. Hei treffe sech Awunner, fir mateneen ze poteren.

D‘Réidener Spënnche gëtt et schonn zënter ronn 100 Joer. Et ass domadder ee vun den eelste Commercen zu Réiden. 400 Meter d‘Strooss erof fënnt een deen neiste Commerce an der Gemeng. Den 1. Juli dëst Joer huet eng jonk Koppel hei e Bastel-Buttek opgemaach. 
 
An aneren Uertschafte maachen d’Geschäftsleit sech Suerge wéinst Parkplazen déi feelen, Butteker déi eidel stinn oder d’Konkurrenz op der Grénger Wiss. Zu Réiden schéngt d’Welt nach an der Rei. Och hei kennt een dës Problemer, awer net an deem Ausmooss wéi aner Gemengen.
 
Am Summer ass manner lass an der Akafsstrooss. Vun Ufank bis Mëtt August maachen déi zwee Kleederbutteker, ee fir Dammen an ee fir Hären, an och d‘Schonggeschäft hir Dieren zou. De Blummebuttek an d'Luuchtegeschäft maache just op Rendez-vous hir Dieren op.
 
Wat speziell ass um Réidener Kanton, hei kann een zënter 11 Joer mat der lokaler Wärung Beki bezuelen. D’Iddi dohannert ass, fir déi lokal Commercen z'ënnerstëtzen. Ugangs dëses Joer koum d'Nouvelle, datt d'Gemeng de Beki net méi weider finanzéiere wëll. D'Schäiner sinn nach bis Enn 2024 gülteg, wéi et duerno weidergeet, wier nach ongewëss, seet de Max Hilbert, Coordinateur vum Beki, et géing een awer un neien Iddie schaffen.