Gréiwemaacher huet scho laang eng richteg Foussgängerzon
Ronn 45 Commerce ginn et an der Muselmetropol. An déi si generell zefridde mat hirer Situatioun.
Och well se de Réckhalt vun de Gemengeresponsabele hätten.
Nawell mierkt een: et gi Geschäftsleit déi sech en zweet Standbeen sichen: op enger anerer Plaz oder am Internet.
An eiser Serie iwwer d‘Commercen geet et dës Kéier op Gréiwemaacher.
Wie keng grouss Chaîne, mä lokal Geschäfter sicht, fir dee kann d‘Foussgängerzon zu Gréiwemaacher eppes sinn.
D‘Samantha Seil, Presidentin vun der Union Commerciale Gréiwemaacher ass zefridden.
"Mir hunn e ganz gudde Kontakt mat der Gemeng. Déi lescht Joren ass vill gemaach ginn. D‘Gemeng huet ganz vill Suen an d‘Foussgängerzone investéiert. Déi ass ganz flott elo. A wat dat administratiivt ugeet: d‘Gemeng huet zanter puer Joer e City Manager, mat deem mir zesumme schaffen."
Ënnert anerem fir de Leerstand an de Grëff ze kréien, deen och hei zu Maacher wéinst den héije Loyeren e Problem ass.
City Manager ass den Tom Schartz, deen d‘Schwätzen awer léiwer der Schäffin Liane Felten vun der CSV iwwerléisst.
"Mir hunn net direkt en Afloss op de Loyer, deen de Proprietär wëll froen. De City Manager ass a Kontakt mat hinnen, fir e Loyer auszehandelen. Mä als Politiker hu mir wéineg Afloss."
Pläng selwer Gebaier an der Geschäftsstrooss ze kafen hätt de Schäfferot aktuell net.
Gréiwemaacher kann op seng Traditiounsbutteker zielen. Zanter iwwer 75 Joer gëtt et e bekannte Miwwel-Buttek e bëssen aus der Foussgängerzone eraus. Deen zitt och Leit vu méi wäit op Maacher. De Geschäftsmann John Seil confirméiert, dass hie seng Galerie och laangfristeg an der Muselmetropol weider entwéckele wëll.
D‘Bijouterie am Zentrum gëtt et änlech laang. Ma d‘Patronen hunn decidéiert sech an der Haaptstad en zweet Standbeen opzemaachen. De Bijoutier Jeff Costa erkläert, dat wär e Choix gewiescht, fir de Clienten déi net vu Gréiwemaacher sinn, entgéint ze kommen. De Buttek op der Musel opginn? Déi Fro stellt sech fir hien net.
Och d‘Tess Burton denkt net just lokal. Obwuel si hir Deko- a Souvenirs-Produite gutt am Buttek zu Gréiwemaacher verkafe géing, ass fir si den Online-Handel net méi ewech ze denken.
"Mir haten hei Chance, dass d‘Gemeng scho ganz fréi bei der Initiativ „Letzshop“ matgemaach huet. D‘Maacher Geschäftsleit konnten hir Wuer online an d‘Vitrinn stellen. Doriwwer verkafe mir ganz vill. Dat funktionéiert gutt. Mir schaffe fir eise Buttek awer och un enger eegener Säit, déi an enger Testphase ass, a geschwënn online geet."
Et misst ee kreativ sinn am Commerce, seet d‘Tess Burton. Selbststänneg sinn ass ni einfach, ma zu Gréiwemaacher schéngt et deemno net onméiglech ze sinn.