
Op RTL-Nofro hi confirméiert de Parquet e Méindeg de Moien, dass et de Weekend um Picadilly zu Stadbriedemes zu engem Viol koum. *De Parquet hat ugangs kommunizéiert, et wier um E-Lake-Festival gewiescht. Dat stëmmt net. Déi sexuell Aggressioun soll um Picadilly gewiescht sinn. D’Police wier um 3 Auer an der Nuecht op de Sonndeg alarméiert ginn. Beim Affer handelt et sech ëm eng Jonk Fra vun 17 Joer. D’Enquête leeft.