Fondation Cancer fuerdert, Regierung waart ofKomplette Verbuet vun der Vente vu "Vapes"?

RTL Lëtzebuerg
De Prozentsaz vu Jonken ënner 25 Joer, déi d'elektronesch Zigarett fëmmen, ass vun 21% 2022 op zejoert 36% geklommen.
Komplette Verbuet vun der Vente vu "Vapes"?
De Prozentsaz vu Jonken ënner 25 Joer, déi d’elektronesch Zigarett fëmmen, ass vun 21% 2022 zejoert op 36% geklommen.

Dat geet aus der leschter nationaler Etude iwwer den Tubakkonsum ervir. Besonnesch d’Vape, d’elektronesch Zigarett fir ewechzegeheien, gëtt als Astiegsproduit fir den Tubakkonsum consideréiert.

Bëlleg, handlech, diskret ... Ëm déi 7 Euro kascht d’E-Zigarette fir ewechzegeheien. 6-700 mol kann een drun zéien. Apel, Cola, Glace. Am Plaz vum krazegen Tubaksgoût gëtt et se a ville lackelege Geschmaachsrichtungen, déi besonnesch bei Jonke gutt ukommen. Och bei deenen, déi sech vläicht ni fir déi normal Zigarett interesséiert hätten.

Déi rechargeabel E-Zigarett dogéint ass méi grouss, méi deier an net esou einfach ze benotzen, wéi d’Vape. Si gëllt als manner schiedlech Alternativ fir Fëmmerten, déi ewech vum Tubak wëllen. A beschtefalls op Dauer och vun der E-Zigarett.

Zwar keen Tubak, dofir awer Nikotin an aner chemesch Produiten

Well och wann ee sech mam Damp vun der elektronescher Zigarett – ob rechargeabel oder fir ewech ze geheien - kee kriibserreegenden Tubak an d’Longen zitt, ass awer och hei Nikotin dran.

Eng Substanz, déi héich süchteg mécht. An op déi Jonker nach méi sensibel reagéieren, erkläert de Lex Schaul. Hien ass bei der Fondation Cancer zoustänneg fir d’Preventioun. “A court terme kann et einfach sinn, datt se duerch ze héijen Nikotin Symptomer, wéi Kappwéi oder Iwwelzegkeet a long terme Konsequenzen op den Developpement vum Gehier hunn. Déi zum Beispill Problemer mat der Konzentratioun provozéieren.”

Ausserdeem enthält den Damp vun der E-Zigarett och e sëllegen aner chemesch Stoffer. Hir Laangzäitwierkungen op d’Gesondheet géif een haut nach net kennen, seet de Christian Thiel aus der Suchtpreventioun vum Cnapa.

Verbuet besteet a Frankräich, geschwënn och an der Belsch

Déi aner grouss Suerg, déi Fondation Cancer a Cnapa deelen: Vape kéint déi Jonk op Dauer op déi klassesch Tubak-Zigarette féieren. Der WHO no wär dee Risk souguer bis zu 3x méi héich, wéi bei Jonken, déi näischt fëmmen. Wou mer dann erëm beim Thema sinn: Kriibs an Tubak”, gëtt d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer ze bedenken.

D’Vente vun E-Zigaretten a Vapen u Mannerjäreger ass zu Lëtzebuerg verbueden. De Cnapa an d’Fondation Cancer fuerderen awer e komplette Verbuet vun der Vente vun E-Zigaretten fir ewechzegeheien. D’Argument, datt se dann am Ausland kaf géifen, léisst d’Margot Heirendt net gëllen. “An der Belsch si se verbueden ab dem 1. Januar 2025 an am Frankräich si se scho verbueden. Ech mengen, do huet een d’Chance, datt een d’Nopeschlänner schonn esou wäit huet, datt et verbueden ass. Dann denken ech, ass et u Lëtzebuerg och dee selwechte Wee ze goen.”

Och aus ekologescher Siicht wär dat sënnvoll. Funktionéieren d’E-Zigaretten dach an der Reegel mat Lithium-Batterien. Besonnesch d’Vapes fir ewechzegeheien, sinn eng Belaaschtung fir d’Ëmwelt.

Regierung wëllt Vapes net generell verbidden

Wärend déi betraffen Associatiounen ee komplette Verbuet vun de Vapes fuerderen, verweist d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng nei europäesch Direktiv, déi am Moment an nationaalt Recht ëmgesat gëtt (Projet de loi 8333). Dës Tubak-Direktiv gesäit vir, dass dës neiaarteg Produite mat klasseschen Tubaksproduite gläichgesat ginn. Dat heescht, dass nëmmen de Verkaf u Mannerjäreger verbuede gëtt, awer net d’Vapes u sech.

“Mir waarden an deem Sënn, dass op europäeschem Niveau nach Ännerunge kommen, déi warscheinlech och nach déi nächst Jore komme wäerten, well déi Produite sinn effektiv geféierlech”, erkläert d’Martine Deprez hir aktuell Positioun.

Déi aktuell Regierung wéilt an dësem Beräich “la directive, et rien que la directive” ëmsetzen. Et wier der Chamber awer fräigestallt, am Kader vun den Diskussiounen iwwert de Gesetzesprojet 8333 méi streng Reegelungen ze fuerderen, esou d’Gesondheetsministesch weider.

https://www.cancer.lu/fr
http://cnapa.lu/fr/

Back to Top
CIM LOGO