BeetebuergAn engem Industriebetrib war en Dënschdegowend e gréissert Feier ausgebrach

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 22 Auer en Dënschdeg den Owend gouf de CGDIS informéiert. Dat Ganzt ass an der Aktivitéitszon "Wolser-Ouest" geschitt, an enger Firma déi Kosmetik
© CGDIS

Wéi d’Pompjeeën ukoumen, stoung schonn eng ganz Lagerhal a Flamen. Un de Läschaarbechte waren am ganze siwen Zenteren a ronn 60 Pompjeeë bedeelegt, an och den zoustännege Grupp fir d’Protektioun géint méiglech cheemesch Gefore war mobiliséiert.

Brand zu Beetebuerg an engem Industrie-Betrib
Un de Läschaarbechte waren am ganze 7 Zentere bedeelegt

Wéinst dem villen a staarken Damp waren d’Awunner vu Beetebuerg, Diddeleng an Helleng awer opgeruff, d’Fënsteren zouzeloossen. Eng gréisser gesondheetlech Gefor hätt awer net bestanen.

D’Entreprise bleift fir den Ament mol nach zou, wéi mer e Mëttwoch de Moie vun der Plaz gewuer goufen. Weider Detailer iwwert de Schued feelen nach.

Feier och zu Viichten a bei Kietscht

Da mellt de CGDIS um Mëttwoch de Moien nach zwee weider Bränn. Zu Viichten stoung en Dënschdeg den Owend eng landwirtschaftlech Maschinn a Flamen. An e Vegetatiounsbrand gouf et tëscht Kietscht an Éischt.

Back to Top
CIM LOGO