
En der Nuecht op en Donneschdeg koum et géint 2 Auer op engem Bal zu Folscht zu enger Kläpperei, bei där eng Persoun schwéier um Kapp blesséiert gouf.
Zwou verdächteg Persoune konnten identifizéiert an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Si goufen och dem Untersuchungsriichter scho virgefouert. Wéi et am Policebulletin vun en Donneschdeg Nomëtteg heescht, soll et bei der Kläpperei ee weidert Affer gi sinn. Dëst wier awer scho fort gewiescht, wou d’Police um Event ukoum.
D’Beamten hunn dowéinst en Appell un d’Allgemengheet lancéiert, sech ze mellen, wa si Informatiounen zu der Kläpperei hunn oder souguer selwer Affer vun de Verdächtege goufen. De Policebüro C3R Dikrech kann ënnert der Telefonsnummer 244801000 oder per Mail un police.diekirchvianden@police.etat.lu kontaktéiert ginn.