Nei Attraktiounen an al BekannterSchueberfouer 2024 gëtt e Freideg lancéiert

RTL Lëtzebuerg
216 Geschäfter. 48 Geschäfter pro Hektar. 5.000 Sëtzplazen a Restauranten. Vun e Freideg un ass eng weider lass an der Stad.
Schueberfouer
E Freideg geet et um Glacis lass

Den 23. August, also e Freideg, ass et nees d’Ouverture vum gréisste Volleksfest zu Lëtzebuerg. Fir déi eng heescht dat flott Owender ënner Kolleegen a Famill. E gebakene Fësch. Vläicht e puer Spiller. Fir déi aner: Korrekt, de Summer kënnt lues awer sécher op en Enn.

Iwwerdeems déi méi kleng Stänn nach e puer Deeg Zäit hunn, gëtt schonn zanter 2-3 Woche bei der Restauratioun gehummert. Eng Rei Spiller ewéi d’"Wilde Maus” hu schonn e gréisseren Tour dëse Summer hannert sech a stounge virun 2 Wochen nach zu Bréissel.

Och dëst Joer dauert d’Schueberfouer nees 20 Deeg a geet bis den 11. September. 216 Geschäfter/Manègë suergen dobäi nees fir gutt Stëmmung. Nei dobäi sinn eng 20 Stänn. Dorënner den “Jim & Jasper‘s Wildwasser”, eng vun de gréissten transportabele Waasserbunnen op der Welt. Nei dobäi ass och “1001 Nacht”, eng Attraktioun fir d’Kanner, op där ee mat Teppecher, déi fléien, iwwert de Glacis flitt. Nieft den 9 neien Attraktioune gëtt d’Offer an der Restauratioun och ugepasst. Mat der “Wrap Factory” kënnt eng weider vegetaresch/vegan Alternativ op d‘Fouer.

Schueberfouer 2024 gëtt e Freideg lancéiert
216 Geschäfter. 48 Geschäfter pro Hektar. 5.000 Sëtzplazen a Restauranten. Vun e Freideg un ass eng weider lass an der Stad.

Nei Manègen op der Fouer:

- Jim & Jasper‘s Wildwasser
- 1001 nacht
- Mr Gravity
- Jetlag
- Top Scan
- Toboggan sur rail
- Starlight
- Spuk
- Venetian Carousel

Dat traditionellt a bekannte Fouer-Karussell muss och dëst Joer nees op der Fouer vun engem neien däitsche Forain ersat ginn. De viregten Exploitant, dee soss do koum, kann Altersbedéngt net méi kommen.

Vun den iwwer 600 Demanden, déi d’lescht Joer bis Mëtt September agereecht goufen, goufen een Drëttel zeréckbehalen. Dorënner vun 90 Lëtzebuerger Forainen, 52 aus Frankräich, 51 aus Däitschland, 19 aus der Belsch a 4 aus Holland. D’Zuel vun de Lëtzebuerger Foraine klëmmt nees liicht par Rapport zum leschte Joer. D’Präisser an de Manègë leien tëscht 3 an 9 Euro, an der Moyenne bei 5 bis 6 Euro.

Och dëst Joer ginn d’Tariffer op der Fouer op 2 Deeg reduzéiert. Eemol den 28. August, déi zweet kéier, mat Spiller fir den hallwe Präis, um leschte Fouerdag den 11. September. Och nei ass, datt op deenen Deeg d’Restaurateuren hir Präisser reduzéieren. D’Zil, esou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt, wier, d’Fouer esou abordabel ewéi nëmme méiglech fir d’Familljen ze maachen.

Och dëst Joer hunn d‘Stater Schäffen zesumme mat der Police d’Action enfant perdu organiséiert. Dat geet iwwer myguichet.lu, respektiv iwwert de Site vun der Police. Ass d’Kand eemol ugemellt, da bleift et fir de Rescht vun der Fouer ugemellt.

Ween op d’Fouer wëll, soll de Park & Ride an den ëffentlechen Transport notzen. De Parking Robert Schuman ass nämlech déi ganz Fouer iwwer zou a souwuel um Lampertsbierg wéi och am Pafendall a Rollengergronn muss ee fir Parkplaze bis 1 Auer moies bezuelen. Och dëst Joer fiert d’Buslinn 37 vun 11.30 bis 01.45 Auer vum Bouillon bis erop bei d’Fouer. Den Trajet dauert eng 15 Minutten.

Back to Top
CIM LOGO