
5 Muppe sinn no hirem Openthalt an enger Hondspensioun am Süde vum Land verstuerwen. Dat huet e Méinden den Owend d’Veterinärsinspektioun (ALVA) an engem Communiqué matgedeelt. D’Pensioun hat keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère.
Wéi d’Déiereschutzorganisatioun “For the Right Dignity of Animals”, kuerz FRIDA, de Weekend schonn RTL géigeniwwer confirméiert huet, ware 4 Muppen no hirem Openthalt an der Pensioun gestuerwen, een aneren nach wärenddeem. Eng Persoun, där hiren Hond verstuerwen ass, huet eng Plainte um Policekommissariat zu Esch gemaach. Do gëtt elo e Rapport verfaasst. Bis elo ass dësen awer nach net un de Parquet iwwermëttelt ginn.
Weider heescht et am Schreiwes vun der Veterinärsinspektioun, dass eng Enquête vun den Experten amgaange wier. Dës wier zu der Conclusioun komm, dass déi 5 Muppen ënner ënnerschiddlechen Ëmstänn gestuerwe wieren. Weider Enquêtë wieren nach amgaangen, fir déi genee Doudesursaach ze ermëttelen.
Geneemegungsprozedur, fir eng Hondspensioun ze féieren
Fir eng Hondspensioun ze bedreiwen, ass eng ministeriell Autorisatioun néideg. Dofir misst eng schrëftlech Demande gemaach ginn. Bei dëser misst follgendes bäileien: E Plang vun den Infrastrukturen an dem Equipement, eng detailléiert Beschreiwung vun der Aktivitéit, eng Lëscht vum Personal mat hire Formatiounen an eng Beschreiwung vun de Konditiounen, zu deenen d’Déiere gehale ginn. Wann den Dossier komplett ass, gëtt eng Visitt vun den Experte vun der Veterinärsinspektioun op der Plaz gemaach.
Wann d’ALVA iwwer Mëssstänn géing informéiert ginn, kéinte Kontrollen organiséiert ginn. Wa géint d’Gesetz verstouss géing ginn, kéint d’Autorisatioun entzu ginn, heescht et am Schreiwes.
Bei engem Verstouss géint d’Gesetz vum Déiereschutz, si strofrechtlech Sanktioune méiglech. Am Fall vun enger Infraktioun läit d’Amende tëscht 25 an 1.000 Euro. Delikter, also Strofdoten, kënne mat enger Prisongsstrof tëscht 8 Deeg an dräi Joer an/oder enger Geldstrof tëscht 251 an 200.000 Euro bestrooft ginn.
D’Veterinärsinspektioun deelt dann och nach mat, dass ee sech kéint op help@deier.lu mellen, am Fall, wou ee mengt, den Déiereschutz wier net respektéiert.