Parquet deelt matZwee Mineure festgeholl an op Schraasseg bruecht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen zwee Jonker festgeholl, well si ënnert anerem sollen an en Haus agebrach sinn a Saache geklaut hunn.
© RTL

Déi zwee Mineure ware scho virdru wéinst änleche Virfäll festgeholl ginn. Géigeniwwer der Police hu si uginn, 12 respektiv 13 Joer al ze sinn. D’Beamten hunn awer doru gezweiwelt an den Alter wëssenschaftlech schätze gelooss. Deemno sollen déi Zwee tëscht 16 a 17 Joer al sinn.

D’presuméiert Täter sollte virleefeg an d’Unisec op Dräibuer kommen. Dës war awer voll, sou dass de Parquet schlussendlech entscheet huet, déi zwee Mineuren zu Schraasseg am Prisong ënnerzebréngen. Dat ënnert anerem mam Argument, dass si scho virdru stroffälleg goufen. Eng Enquête gouf lancéiert an e Jugendriichter mat der Betreiung vun de Mineure beoptraagt.

Natierlech gëllt d’Onscholdsvermuddung, bis et zu engem Urteel kënnt.

Back to Top
CIM LOGO