Illegal Rave an der Stauséigemeng ass eriwwer, Police huet Party opgeléist
Kuerz no 16 Auer huet d‘Police de Site geraumt. Zwou Dose Polizisten hate géint 14 Auer ugefaangen, d‘Party opzeléisen.
Deen Ament waren nach eng 80 Leit op der Plaz, esou de Porte-Parole vun der Police. Dat Ganzt wier friddlech ofgelaf.
An der Nuecht op e Sonndeg hätt d‘Police eng ganz Rei Appeller kritt, wéinst dem ville Kaméidi. Wéinst Sécherheetsbedenken huet d'Police awer dunn net intervenéiert an och um Sonndeg de Moie wier decidéiert ginn ofzewaarden, an der Hoffnung d‘Leit géifen am Laf vum Moien Heem goen. Wéi dat net de Fall war, ass d‘Police dunn aktiv ginn.










De Buergermeeschter vun der Stauséi-Gemenge Marco Koeune sot op RTL-Nofro, dass d’Gemeng natierlech keng Autorisatioun fir esou eng Party erausginn hätt an och net mat esou enger illegaler Rave-Party d’Accord wier.
Op Nofro bei der Police heescht et och, dass si dës illegal Party am Raum Pommerlach gemellt kruten a vun der belscher Police a Kenntnis gesat goufen. Bei de Raver handelt et sech virop ëm eng Belsch-Hollännesch Zeen. E puer honnert Leit waren e Samschdeg op der Plaz, et war rieds vun 300 Persounen.
Wéi et am Police-Bulletin Méindes heescht, konnt een d'Rave eréischt géint 1 Auer moies lokaliséieren, dat well wéinst dem Onwieder den Helikopter net éischter fléie konnt. Et gouf sech dann och ufanks géint eng direkt Interventioun decidéiert säitens der Police, dat well een eng gréisser Gefor gesinn huet, falls et zu enger Gewalteskalatioun komm wier, dat bedéngt duerch nëmmen eng eenzeg Zoufaart op de Site. Dobäi kënnt dass de Terrain duerch d'Wieder opgeweecht war.
Och an de Moiesstonne gouf net säitens der Police agegraff, dat well kee gréissere Risk bestoung fir aner Leit a well ee Gefor gelaf wier, dass d'Party-Gänger op d'Fester an den Dierfer an der ëmgéigend gaange wieren.