
An deem Kader wäert et och eng Renconter mat der kathoulescher Communautéit hei am Land ginn. Dat um 16.30 Auer an der Stater Kathedral an engem Zelt, dat am Bannenhaff vun der Kathedral opgeriicht gëtt. Vu 15 Auer u wäert et hei e Virprogramm mat Gesäng a Gebieder ginn.
Wien un der Renconter wëll deelhuelen, ka sech vun haut 3. September 9.00 Auer moies bis de 5. September 17.00 Auer owes online aschreiwen. Am Ganze wäerten eppes iwwer 600 Plazen disponibel sinn. Fir de Fall, dass sech méi Leit umellen, ewéi et Plaze ginn, wäerten d’Visiteuren am Tirage au sort gezu ginn.
Zu deem Tirage au sort wäert et och kommen, well bannent der éischter Stonn net manner wéi 3.656 Formulairen ausgefëllt gi sinn. Den Interessi ass deemno immens grouss.
RTL ass dee ganzen Dag iwwer bei der Poopst-Visitt de 26. September dobäi an iwwerdréit d’Highlights vum Dag live.
Dës sinn nieft dem Accueil vum Poopst um Findel moies, d’Audienzen am Palais, eng Feierstonn am Stater Cercle, de Passage mam Papamobil duerch d’Stad an eeben d’Feier an der Kathedral.