
Géint 17 Auer hat d’Police dat gemellt kritt.
Wéi eng Policepatrull op der Plaz ukomm ass, krute se erkläert, dass et wuel ugefaangen hat mat enger Ausernanersetzung tëscht e puer Jugendlechen. Ee vun de Jugendleche soll op en anere gespaut hunn, wouropshin dee säi Rimm geholl an op en ageschloen huet.
E Mann an eng Fra hunn nom Affer gekuckt a wollten den anere Jugendlechen zur Ried stellen. Dobäi koum et op en Neits zu engem Sträit, bei deem de Mann dunn e Messer erausgeholl huet.
E Sécherheetsbeamten huet séier reagéiert an de Mann immobiliséiert, bis d’Police op der Plaz war.
All d’Bedeelegt goufe mat op de Policebüro geholl an d’Messer gouf saiséiert.