Déi 95. Editioun vun der Braderie ass e Méindeg
© Chris Meisch
Samschdes a Sonndes virun der Braderie ass dann nach ee Floumaart vu 10 Auer bis 17 Auer, dat op der Gare, méi genee op der Paräisser Platz.
"Eng Stad ouni liewege Commerce ass eng doudeg Stad", esou d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer en vue vun der 95. Editioun vun der Stater Braderie. E Méindeg den 2. September wäerten dann méi wéi 200 Commerçante an der Uewerstad an op der Gare matmaachen an hier Produite vun 9 Auer moies bis owes 7 Auer owes op de Stroossen ubidden.
Wéi gewinnt, fänkt d‘Stater Braderie op engem Méindeg un, ma well do awer vill Leit keng Zäit hätten, gëtt d‘Braderie wärend dräi Deeg organiséiert, sou d‘Mireille Rahmé Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Verschidde speziell Offere kann ee sech dann och schonn de Weekend virum offizielle Start vun der Braderie a verschiddene Geschäfter sécheren:
"Sonndes wat do ganz wichteg ass ze soen, dat ass de vide-grenier, hei "Avenue de la gare", fir de ganze Quartier ze dynamiséieren. An dann déi richteg Braderie ass natierlech dann e Méindeg vun 9 bis 19 Auer."
Um Braderiesméindeg gëtt op der Paräisser Plaz vun 10 Auer moies bis 8 Auer owes fir Animatioun gesuergt, dorënner d‘Ludoland Asbl mat Konstruktiounsspiller, engem Lego-Atelier an engem Artisten-Atelier, wou ee ka léieren, Graffiti ze sprayen. An der Uewerstad an am Garer Quartier ass de ganzen Dag fir musikalesch Animatioun gesuergt.
Obschonns et eng laang Traditioun ass, ass d‘Braderie ee wichtege Rendezvous fir de Stater Commercen, esou d‘Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch:
"Eng Stad ouni liewege Commerce, ass eng doudeg Stad. An dofir ënnerstëtze mir all déi Efforten, déi gemaach ginn am Interêt vum Commerce, mee awer och am Interêt vun der Stad fir eng flott, lieweg Stad ze sinn an ze bleiwen."
Ween gären op d‘Braderie kënnt, soll vun de Park & Rideen an dem ëffentlechen Transport profitéieren, esou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt. E puer Stroossen ronderëm d‘Gare wäerten nämlech e Méindeg fir de Verkéier gespaart sinn. Ween trotzdeem léiwer mam Auto kënnt, kann um Braderiesméindeg vun de Parkinge "Place de l‘Europe" a "Fort Wedell" profitéieren, déi sinn e Méindeg de ganzen Dag gratis.