
Dës gesäit jo vir, datt bei kommerzielle Flich just nach ee Pilot am Cockpit sëtze soll, amplaz vun zwee. Den LCGB ass besuergt, datt de Grand-Duché dëst vun 2027 u wëll ëmsetzen, ouni mat den Acteuren aus dem Secteur diskutéiert ze hunn.
D’Gewerkschaft verweist op d’Sécherheet vun de Passagéier an der Crew an zitéiert eng europäesch Etüd iwwer d’Middegkeet bei Piloten. Et misst dofir onbedéngt séchergestallt ginn, datt Sécherheetssystemer déi Middegkeet kéinte feststellen. D’Regierung misst an dësem Dossier hir Responsabilitéiten iwwerhuelen an enk mat den Acteure vum Terrain zesummeschaffen.
Dëse Sujet geet iwwerdeems zréck op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Francine Closener a Mars Di Bartolomeo.