Véier Joer huet een am Haaptsëtz vu Flibco dru geschafft, fir e Konzept z’entwéckelen, wat et erméiglecht, dass Mataarbechter just nach 32 Stonne pro Woch schaffen. Zanter engem Joer ass dëst elo Realitéit.
D’Entreprise, déi an de Beräicher Marketing, Network Planning, Administratioun, Déngscht um Client an an der Entwécklung schafft, ass ville bekannt wéinst den diverse Fluchhafentransferten. Ma Flibco selwer beschäftegt keng Buschaufferen.
“Eng Reduzéierung op 4 Schaffdeeg pro Woch ass just e klengen Deel vum Ganzen. Et brauch vill Ännerungen am Management an an der Astellung vun de Mataarbechter. Et war e laange Prozess, bis ee bei der Aféierung vun der 4-Deeg-Woch war”, erkläert de Chef vu Flibco Tobias Stüber. Elo géing de Fokus net méi op der Zäit leien, mee op den Ziler. Dëst wier natierlech och mat Risike verbonnen a munchmol missten d’Salariéen drun erënnert ginn, dass d’Aarbecht Prioritéit hätt. Mee alles an allem wier ee mam éischte Joer, wou d’Konzept agefouert ginn ass, ganz zefridden.
Den Ëmsaz wier ëm 48 Prozent an d’Luucht gaangen. D’Produktivitéit ëm 69 Prozent. D’Krankschreiwunge léichen nach bei 1 Prozent. D’Mataarbechter wieren am Schnëtt net emol 1 Dag am Joer krank geschriwwe gewiescht. Um Mëttwoch waren awer net all ze vill Mataarbechter unzetreffen. Méindes misst ee kommen, do wier “Bürosdag”, huet et geheescht. Do muss all Salariée schaffe kommen. Déi aner Deeg wiere flexibel. Wéi een Dag ee sech wéilt fräi huelen oder ob ee léiwer 2 hallef Deeg wéilt. Generell géingen d’Mataarbechter awer esou kucken, wéi se sech am beschten organiséieren, dass d’Servicer assuréiert sinn, erkläert den Tobias Stüber. Duerch de Plus u Fräizäit, dee se hätten, hätten dës méi eng grouss Motivatioun, fir effizient Léisungen ze fannen, Prozesser z’optiméieren an doduerch Zäit fir d’Entreprise ze gewannen. Et wier een Huelen a Ginn.
Esou gesinn dat och d’Mataarbechter. E gudde Verglach, wéi et virun der 32-Stonne Woch war, kann de Jonathan Wauthier bezeien, dee schonn zanter 7 Joer do schafft. Mat Covid wier d’Digitalisatioun komm an den neie Chef. Du wieren ëmmer méi déi flexibel Aarbechtszäite komm a schliisslech virun 1 Joer d’4-Deeg-Woch. An den éischten 2 Méint hätt de Changement vill Aarbecht kascht, mee elo wëllt hien dëst net méi mëssen. Hie behaapt vu sech, fir dat, wat hien duerch dës Flexibilitéit kritt hätt, och ronderëm d’Auer fir d’Entreprise do ze sinn, wann emol eng Urgence wier. Dat kéim an der Reegel awer net vir. No engem fräien Dag matzen an der Woch, kéint een d’Aarbecht nees mat vollem Elan ugoen.
Déi selwecht positiv Réckmeldunge komme vum Jonathan Carnevale, deen zanter 2 Joer do schafft. Am Ufank hätt ee sech gefrot, wéi d’Zesummenaarbecht mat de Kolleege soll funktionéieren, wann een en Dag manner schafft. Séier hätt een awer gemierkt, dass et eng Fro vun Organisatioun duerch Reunioune wier, déi eebe Méindes géing gehale ginn. Fir hie wier et awer elo eng grouss Fräiheet, well hien als Arbitter am Basket op nationalem Niveau an der Belsch schafft. Sou kéint hien dësen Hobby a seng Aarbecht einfach verbannen. “Et ass eng Fro vun Organisatioun, fir déi Resultater ze liwweren, déi d’Entreprise erwaart. Mee als Employée huet ee Loscht, dës ze liwweren”, sou de Jonathan Carnevale. Duerch d’32-Stonne-Woch géing hie sech net méi gestresst fillen, mee méi entspaant. Well ee méi Zäit hätt, fir déi perséinlech Entwécklung a fir e Gläichgewiicht tëscht Privatliewen an Aarbecht ze fannen.
Flibco huet zwar hire Sëtz zu Déifferdeng, wou 16 Leit schaffen, ma am Ganze schaffen iwwer 100 Leit fir d’Entreprise. 35 an der Belsch, 35 an Italien an 25 Entwéckler queesch duerch Europa. Als nächst wëllt een d’Konzept vun der 32 Stonne-Woch vum 1. Oktober un an der Belsch aféieren.