Bis 1977 gouf op der Rouder Lëns zu Esch vun der ARBED Eisenäerz verschafft. Aus dem Terrain, deen zanter Joerzéngte brooch läit, soll e Wunnquartier ginn.

5 Gebaier vun deemools ginn an den neie Projet integréiert. Um Site gëtt eng nei Grondschoul gebaut, e puer Geschäfter a virun allem Wunnenge fir Familljen, eeler Leit a Jonker. D'Mixitéit vum Quartier ass wichteg. Ausserdeem keeft d'Gemeng Wunnengen op, fir déi dann zu engem abordabele Präis ze verkafen oder ze verlounen. Am Total sinn dat duerno 430 Wunnengen.

Enn 2026, Ufank 2027 kéinten déi éischten Awunner am Quartier "Rout Lëns" bis wunnen. Wichteg gëtt déi douce Mobilitéit an d'Ubannung un den Zentrum vun der Minettmetropole.