Wärend d'Mamm Virwërf mécht, lueft de CGDIS dem Buergermeeschter no déi séier Reaktioun. E gemeinsaamt Gespréich en Dënschdeg soll Kloerheet bréngen.

De leschte Freideg gouf an der Piscine vu Veianen, déi viru kuerzem nei opgemaach huet, am spéiden Nomëtteg e Kand vu fënnef Joer knapp virum Erdrénke gerett.

Am Gespréich mat eise Kolleege vun RTL Infos huet d'Famill iwwert de Virfall geschwat.

Et ass den 30. August um 17.30 Auer wéi d'Liliana Costa, eng Frëndin vun der Famill Gomes, de klengen Jayden ouni sech ze beweegen am eenzegen oppene Becke vun der Schwämm zu Veianen dreiwe gesäit. Mam Jayden sengem grousse Brudder huet si deen Nomëtteg d'Garde iwwert hie gehat.

"Ech hunn d'Kanner sech e puer Momenter amuséiere gelooss. Ech hunn duerch meng Messagen um Telefon gescrollt. Du gouf ech vu Kreesch vu mengem Bouf alertéiert, deen den Jayden, dee Klengsten, net méi gesinn huet", erzielt d'Liliana Costa, déi op engem Sonnestull op der anerer Säit vum Zonk louch, deen d'Gras vum Waasser trennt.

RTL

D'Liliana Costa huet mat RTL Infos iwwert de Virfall geschwat. / © RTL

Hire Jong an den Éric, de grousse Brudder vum Affer, hu sech méi wäit ewech ameséiert. "Et war dee Moment, datt ech gesinn hunn, wéi d'Schwammmeeschteren den Jayden aus dem Waasser gefëscht hunn. Si hunn him eng Staang dohi gehalen, wärend hie sech awer net méi beweegt huet", erënnert sech d'Liliana Costa, wärend d'Mamm vum Jayden nieft hir an Tréinen ausgebrach war.

De grousse Brudder zéckt net 

An dëser Course, fir de klenge Jong ze retten, ass d'Liliana Costa an den 1,30 Meter déiwe Baseng gerannt, ma den 12 Joer alen Éric ass fir d'éischt beim Jayden sengem "bloe" Kierper ukomm. "Ech hunn hien héichgehuewen, fir datt e sech un der Staang vun de Schwammmeeschter kéint festhalen, mee hien ass aus mengen Äerm eng éischte Kéier zeréck an d'Becke gefall. Bei der zweeter Kéier ass et mir gelongen, hien drop ze zéien. Do hunn ech gesinn, datt säi Bauch opgeblose war", erzielt den Éric, deen nach vun der Erënnerung vun der traumatescher Situatioun gepräägt ass, zeréckhalend.

D'Schwammmeeschteren hunn doropshin d'Rudder iwwerholl an hunn d'Secouristen alarméiert. De klenge Jong gouf vun de Pompjeeë reaniméiert, déi den Transport an d'Spidol op Stroossen confirméiert hunn.

Eng Famill am Schock 

D'Famill, déi e Mëttwoch an der Stuff vun hirem Haus zu Veianen versammelt war, ass nach ëmmer geschockt a freet sech, ob d'Profie méiglecherweis versot hunn. "Si hätten tauchen an direkt no mengem Jong siche sollen, amplaz 'Inte fëschen' ze spillen", kritiséiert d'Mamm.

Si erkläert, datt si zanter dem Virfall net méi schlofe kann an datt hire Jong nach ëmmer traumatiséiert ass. "Zanter datt hien nees Doheem ass, pecht hien dacks u mir. Hie war dräi Deeg laang an der Klinick a muss nach e puer Mol ënnersicht ginn, fir sécher ze goen, datt hie keng Komplikatioune kritt. Mir wäerten et net dobäi beloossen", verséchert d'Mamm, déi sech entschloss seet, datt kee weidert Kand Affer vu "Vernoléissegung" gëtt.

Buergermeeschter vu Veianen äussert sech zum Virfall

D'Gemeng Veianen huet hirersäits nach net op d'Froe vun der Famill geäntwert. Am Interview huet eis de François Weyrich, Buergermeeschter vu Veianen, allerdéngs gesot, de Schwammmeeschter hätt seng Aarbecht "ganz professionell" gemaach a wier och vum CGDIS fir seng Éischt Hëllef gelueft ginn. Ouni dës hätt de Jong warscheinlech net iwwerlieft.

D'Elteren, déi net derbäi gewiescht wieren, géifen awer soen, et hätt méi séier misse goen. "Ech war och net derbäi", esou de François Weyrich. Et misst een dem Schwammmeeschter dowéinst d'Chance ginn, sech ze erklären. "Mir hunn nächsten Dënschdeg eng Entrevue mam Schwammmeeschter an den Elteren zesummen op der Gemeng."

De François Weyrich, Buergermeeschter vu Veianen
Leschte Freideg gouf an der Piscine vu Veianen, déi viru Kuerzem nei opgemaach huet, am spéiden Nomëtteg ee Kand vu fënnef Joer virum Erdrénke gerett.