"Endlech", sou d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot
Zanter dem 1. September gëtt et um Kierchbierg eng "Maison de retour" fir Flüchtlingen, déi kee Statut zu Lëtzebuerg kruten.
D'Reaktioun vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot ass "Endlech!"
"Fir d'éischt ass ze soen, datt den LFR, de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, schonn zënter méi wéi zéng Joer waart op eng Maison de retour zu Lëtzebuerg. Dat heescht, de Schrëtt ass u sech scho positiv, géife mer soen. Par contre wëlle mir sécher wëssen, méi Detailer, wéi dat richteg fonctionéiert an datt net just eng Rebranding vun de SHUK ass", sou d'Reaktioun vum Sergio Ferreira, Direkter vun der ASTI a Member vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.
Bei där neier Maison de Retour handelt et sech ëm eng al bekannte Plaz. Eng vun den Hale vun der Luxexpo. Déi sou gutt wéi méiglech amenagéiert gëtt, fir nieft den Ament Männer vum 1. Oktober un och Famillje mat Kanner opzehuelen. Leit, déi aus Foyere kommen an déi do op hire fräiwëllege Retour waarde wäerten, nodeem et schonn en Accord mat engem Land gëtt an dat se, nodeem hir Prozedur hei zu Lëtzebuerg ofgeschloss ass, hikomme wäerten.
D'Maison de Retour ass net mat der zouener Struktur, déi de Centre de rétention ass, ze verwiesselen, sou den Inneminister Léon Gloden, Invité vun der Redaktioun um Radio.
''De Centre de rétention ass geduecht fir Leit, déi net wëllen zréck an hiert Land goen, nodeem se e Refus hei zu Lëtzebuerg kritt hunn. De groussen Ënnerscheed tëschent dem Centre de rétention an der Maison de Retour ass, an der Maison de retour kënnt Dir Iech den Dag iwwer fräi beweegen. Dir kënnt erausgoen, dir kënnt spadséiere goen, wat der wëllt maachen.''
"Mir wëllen nach méi Detailer, wéi dat richteg funktionéiert" sou de Sergio Ferreira vum LFR.














De Sergio Ferreira gëtt ze bedenken, dat hei Mënschen, Famillje begleet wäerte ginn, déi grad en Echec an hirem Liewen erliewen. ''Si hunn et net wéi anerer gepackt, an Europa ze bleiwen". Deemno misst de Retour op enger Rei Niveaue preparéiert ginn: Psychologesch, finanziell an am Fall wou néideg, och ouni eng weider Aschoulung vun de Kanner ze vernoléissegen.
"Bis elo hunn d'ONGen de Rôle vun der Maison de retour iwwerholl. An do ass et fir eis wichteg, datt jiddereen, wann et eng Famill ass, säi Wee zréckfënnt. Zum Beispill, et gi Länner, wou d'Educatioun net um nämmlechten Niveau ass, wéi hei. Do muss dat och virgesi ginn, mat de lokalen Antenne vun der OIM."
Et wier wichteg, datt d'Leit verstinn, datt et an hirem Interêt ass, fräiwëlleg zeréckzegoen. Wien expulséiert gëtt, däerf 5 Joer net méi legal an Europa eran. Op engem Ament, wou net just den Drock wiisst, datt d'Baussegrenze vun der EU méi streng kontrolléiert musse ginn. An der aktueller Migratiounsdebatt an Däitschland fuerdert de Friedrich Merz, Leader vun der Oppositioun, kloer, méi wäit ze goen. Och Kontrollen op Bannegrenzen.
"Lëtzebuerg ass d'Heemechtsland vu Schengen, an ech hu mech ëmmer erëm staark gemaach, datt d'Schengen-Prozedure respektéiert ginn, datt d'Schengen-Reegele respektéiert ginn. Dat heescht ganz kloer, datt d'Baussegrenze musse streng kontrolléiert ginn, fir datt mer d'Bannegrenze kënnen ophalen", sou d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Inneminister.
"Alleingäng" vun eenzele Länner géifen näischt bréngen, et bräicht een europäesch Léisungen, sou de Léon Gloden, Och am Zesummenhang mat Réckféierungen an den Afghanistan, respektiv Syrien.