En Donneschdeg de Moie waren d'Expulsioune vu Flüchtlingen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter dem 1. September huet Lëtzebuerg eng "Maison de retour" um Kierchbierg an enger Foireshal. 40 Männer sinn aktuell do. Plaz ass fir 170 bis 180 Leit. Vum 1. Oktober u ginn och Fraen a Kanner do opgeholl. Dat sot en Donneschdeg de Moien den Inneminister Léon Gloden, deen ënnert anerem zoustänneg ass fir d’Immigratioun, am Interview mat RTL.

Invité vun der Redaktioun: Leon Gloden

Et wieren alles Leit, déi net kënnen hei am Land bleiwen. D’Iddi vun dëser neier Struktur ass et, all Demandeuren op enger Plaz ze regruppéieren, an hire Retour an hiert Heemechtsland oder an dat EU-Land, wou se als éischt eng Asyl-Demande gestallt hunn, ze preparéieren. Déi Persoune kréien och eng finanziell Hëllef fir zeréck. Dat sinn tëscht 300 an 3.000 Euro, jee no Land. Et géif drëms goen, datt déi Leit eng Perspektiv kréien.

Mä d’Leit solle sech bewosst sinn, datt se net kënne bleiwen, sot de Léon Gloden. Dat wär eng "responsabel Asylpolitik". Lëtzebuerg hätt allgemeng eng human Asylpolitik, déi d'Gesellschaft awer net dierft iwwerfuerderen. D’Maison de retour ass eng oppe Struktur, anescht wéi de Centre de rétention, dee bestoe bleift. Dat ass eng zouen Ariichtung fir Leit, déi net wëllen heem.

Dëst Joer goufen 132 sougenannten Dubliners zeréckgefouert. D’Demanden op Asyl wieren ëm 25 Prozent zeréckgaangen.

Soll ee Leit och zréck an den Afghanistan schécken, oder a Syrien? Do géifen "Alleingäng" vun eenzele Länner näischt bréngen, mä et bräicht een eng europäesch Léisung. Fraen zréck an Afghanistan ze schécken, ass fir de Léon Gloden aktuell op alle Fall keng Optioun.

D’Baussegrenze vun der EU misste méi streng kontrolléiert ginn. Dat wär och am europäeschen Asyl- an Immigratiounspak sou virgesinn. Vu Kontrollen op de Bannegrenze wëll de Léon Gloden awer näischt héieren: Baussegrenze streng kontrolléieren, fir datt Bannegrenze kënnen opbleiwen. Eng Situatioun mat de Grenzkontrollen, wéi wärend Corona, dierft et net nees ginn.

Zu der Lokalpolice sot den Inneminister, dass Enn des Joers e Bilan soll gezu ginn. Et wier een a konstantem Echange mat de Buergermeeschter aus der Stad an Esch, der Lydie Polfer an dem Christian Weis. 
 
Den éischte Retour vun de Leit wier positiv, esou de Léon Gloden. Dat wier op d'mannst dat, wat hie vun de Leit gesot kréich wa si hien op der Strooss uschwätzen. Weiderhi bleift et dem Minister wichteg, dass d'Police Presenz um Terrain weist a méi op d'Präventioun wéi op d'Repressioun gesat gëtt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.