E Freideg den Owend gouf der Police ënnert anerem e Fall vun haislecher Gewalt um Kierchbierg gemellt.

Hei koum et zu Handgräiflechkeeten a Menacen tëscht engem Mann, senger Partnerin a sengem Bouf. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum den Dag drop, also Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

De selwechten Owend, also e Freideg, gouf e weidere Fall vun haislecher Gewalt gemellt, dat zu Déifferdeng. Hei soll e Mann seng Partnerin geschloen hunn. Béid Persoune konnte vun de Beamten ugetraff ginn. De Parquet huet ordonéiert, de Mann, dee Gewalt agesat huet, festzehuelen.