E Méindegowend hat d'Police no enger Persoun gesicht, déi am Raum Betteng op der Mess / Schuller an en Auto agebrach ass.

An deem Kontext war et och de Message un d'Leit, hei keng Persoun mam Auto matzehuelen.

Géint 19.15 Auer gouf et dunn Entwarnung. Déi gesichte Persoun gouf vun der Police fonnt.