Fréier Participantë vun de Worldskills erzielen
"Ech fannen et einfach super, wann haut ee sech déi Zäit hëlt a sou fir säi Beruff lieft" sou de Christian Engel.
Laang hunn déi 9 Participanten, déi de Grand-Duché op dëse Worldskills zu Lyon vertrieden, dofir trainéiert. Et sinn d’Weltmeeschterschafte vun de Beruffer a wéi Sportler trainéieren, hunn och dës Jonker trainéiert, fir an hirem Beruffssecteur unzetrieden. Déi Participanten,déi matmaachen, musse manner wéi 23 Joer hunn an hu sech misste bei de Luxskills qualifizéieren an eng gewësse Punktzuel hunn. Wat esou e Concours engem fir seng berufflech Karriär bréngt, wollte mer vun zwee fréier Participante gewuer ginn.
De Christian Engel huet 2005 un de Worldskills zu Helsinki als Charpentier deelgeholl. Hie koum mat enger Excellence-Medail heem. Haut ass hien Associé an enger grousser Holzbau-Firma am Grand-Duché a fënnt d’Erfarung, déi Worldskills engem erméiglecht, wäertvoll:
"Et kritt een eng Aufgab gestallt, déi ee virdrun nach ni gesinn huet. Et weess ee vun dem Moment un huet een 22 Stonnen Zäit, eleng fir sech. Et mussen en einfach Decisiounen huelen, déi ganz entscheedend sinn, op den Oflaf vum Concours. Et waren deemools bei mir zu Helsinki 13 Kandidaten an et huet een herno 15 Weeër op d’Léisung gesinn. Ganz intressant wéi een do an 3 Deeg dann op eemol léiert, selbststänneg Entscheedungen ze treffen an dee Wee ze goen, deen ee sech selwer an de Kapp gesat huet."
Bei de Worldskills triede Participante fir de Grand-Duché un, mee och fir all Beruff geet en Expert mat, dat heescht eng Persoun, déi scho laang am Beruff schafft, mam Jonken trainéiert huet a sur Place Deel vun der Jury wäert sinn.
De Christian Engel war op de Worldskills 2015 den Expert vum Daniel Stolz. Den Daniel huet an Däitschland Abitur gemaach an duerno zwee Joer laang zu Lëtzebuerg eng Léier als Charpentier, éier en op Hannover Bauingenieur studéiere gaangen ass. Et sinn 9 Joer hier, dass den Daniel deelgeholl huet a fir hien ass et kloer, dass hie villes fir säi Beruffsalldag als Bauingenieur hautdesdaags matgeholl huet:
"Zum Beispiel unter Zeitdruck zu arbeiten. Also in kurzer Zeit ein möglichst gutes Ergebnis zu erzielen und auch wirklich mit Abgabeterminen klar zu kommen. Das hat mir sehr geholfen. Auch zu wissen dass man sehr präzise arbeiten muss von Beginn an. Dass leichte Fehler oder Ungenauigkeiten von Anfang an eben dann später unter Umständen dann grössere Folgen haben können. Und auch zu sehen wie andere Leute an Aufgaben herangehen. Also ich konnte mich ein bisschen umschauen und hab viele Eindrücke mitgenommen"
D’Atmosphär op dem Event selwer huet hien als kollegial an Erënnerung.
"Ich errinnere mich noch als die Schlusssirene lief, dann hat man sich gefreut mit den anderen und hats den anderen auch gegönnt. Das war alles eine sehr kollegiale Athmosphäre und alles in allem ist es natürlich ganz besonders, total beeindruckend, die anderen zu sehn. Also es ist wirklich eine sehr sehr besondere und schöne Athmosphäre"
Fréier Reportagen:
RTL - EuroSkills 2014: Bronze-Medail fir zwee jonk Lëtzebuerger
D’lescht Joer waren d’Euro Skills zu Danzeg : RTL - Lëtzebuerg op den EuroSkills (Deel 1): Et geet lass - 14 Kandidaten trieden zu Danzeg un