E Mëttwochowend, an an der Nuecht op en Donneschdeg, sinn der Police eng ganz Rei Strofdote gemellt ginn. Och zwee Drogendealere goufe festgeholl.

E Mëttwochowend waren enger Patrull vun der Police am Garer Quartier an der Stad zwee verdächteg Männer opgefall, vun deenen een deem anere Suen iwwerginn huet. Nodeems ee vun hinne kuerz an e Lokal gaangen an nees erauskomm ass, si béid an en Auto geklommen a fortgefuer. Wéinst dem Verdacht op e méiglechen Drogendeal gouf d'Gefier an der Hollerecher Strooss ugehalen an d'Männer kontrolléiert, woubäi beim presuméierte Keefer Kokain a weider Bulle mat Droge fonnt goufen. Hie koum op Uerder vum Parquet en Donneschdegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Och um Mëttwochowend am Garer Quartier, géint 21 Auer, war enger Patrull vun der Police an der Rue Jean Origer e Mann opgefall, deen, wéi hien d'Beamte gesinn huet, sichtlech nervös ginn ass a sech duerch d'Bascht maache wollt. E konnt awer gestoppt a kontrolléiert ginn, dobäi huet hien offensichtlech eppes ofgeschléckt. Op Uerder vum Parquet koum hien an eng Scanner-Kontroll, woubäi Friemkierper a sengem Kierper entdeckt goufen. Och hie kënnt en Donneschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Abréch zu Biissen an um Belair an der Stad

E Mëttwochnomëtteg koum et an der Biissener Rue du Nord zu engem Abroch an en Haus. D'Brigangen hunn dobäi éischten Informatiounen no Boergeld a Bijoue geklaut, nodeems si sämtlech Raim vum Haus duerchsicht hunn.



E weideren Abroch gouf et dann nach um Belair an der Stad um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Och hei gouf Policeinformatiounen no Boergeld geklaut. D'Spueresécherung war op der Plaz an a béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.


D'Police weist an deem Kontext nach emol op eng Rei Rotschléi hinn, mat deenen ee sech virun Abréch schütze kann. Dës fannt Dir hei.

Versichten Abréch an Autoen zu Sandweiler a Fenteng

Wéi et weider am Policebulletin heescht, gouf et e Mëttwochowend och e versichten Abroch an en Auto an der Rue Jean Schaus zu Sandweiler. De Mann huet den Auto duerchwullt, gouf awer vun enger Passantin iwwerrascht an ass du geflücht. D'Police konnt de Verdächtegen awer festhuelen.

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et dann e weidere versichten Abroch an en Auto an der Beetebuerger Strooss zu Fenteng. De Verdächtege konnt vun der Police kuerz duerno an der Rue Victor Feyder gestallt ginn, wou hien entretemps an en Haus agebrach ass.