Selektiv Hëllefe sollen dëst kompenséieren
Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles seet, et misst een d'Mesure progressiv auslafe loossen a mat aneren Aidë selektiv hëllefen.
Bis elo gëllt, wat de Stroumpräis concernéiert, dass dësen op de Präis vun 2021 gedeckelt ass. Wat doriwwer eraus geet, ass mat Aiden an Héicht vu 60 Prozent subventionéiert. Elo sollen dës Aiden awer ëm d'Hallschent zréckgefuer ginn a vun Ufank d'nächst Joer u just nach bei 30 Prozent leien. An der Chamberkommissioun Ekonomie wollten Déi Gréng wëssen, wat dat fir Repercussiounen op déi energeetesch Transitioun vum Land huet. Hinne wier et wichteg gewiescht, dass d'Mesuren nach bis 2026 bäibehale gi wieren, well dann de Previsiounen no de Stroumpräis soll zréckgoen.
"Wa mer d'Subventiounen elo erofsetzen, da bestrofe mer déi Leit, déi schonn d'Decisioun geholl hunn, op elektresch Energie ëmzestellen", mengt d'Joëlle Welfring (Déi Gréng). Leit, déi sech en Elektroauto kaaft hätten oder eng Wäermepompel installéiert hunn. Doriwwer eraus géinge jo elo och d'Aidë fir Photovoltaike reduzéiert ginn, de sougenannten Top Up. D'Statisitkagence Statec hätt gewisen, dass sech d'Aidë positiv op de PIB an op d'Beschäftegung ausgewierkt hätten. "Dann hätt een eng Indextranche esouguer villäicht kënnen ëm ee Joer no hannen drécken, wat och fir d'Entreprise ganz wichteg gewiescht wier", sou d'Joëlle Welfring.
"Et kann een natierlech ëmmer méi, méi, méi froen, dat ass d'gutt Recht vun enger Oppositioun", mengt den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles. Lëtzebuerg wier nach dat eenzegt Land vun der EU, wat Energiepräisser subventionéiert. Dofir wier et der Regierung wichteg, d'Mesuren auslafen ze loossen. Parallel dozou wier awer eng Panoplie vun Aidë fir déi Stéit, déi manner verdéngen (Quntil 1 an 2), agefouert ginn. Dozou géing zum Beispill d'Primm Energie zielen, déi eropgesat ginn ass.
De Georges Engel (LSAP) kritiséiert dann dat, woufir seng Partei an der Majoritéit ëmmer kritiséiert gi wier: Dass mat der Strenz regéiert gouf. Deemools hätt een awer an der Urgence reagéiert, elo hätt d'Regierung Zäit gehat, d'Aiden ze staffelen. Bei deenen Aiden, déi elo annoncéiert goufen, stellt hie sech d'Fro, ob se dann och géingen ukommen, respektiv, ob déi Concernéiert se géingen ufroen.
Bei der Diskussioun geet et ëm de Gesetzesprojet 8428, deen d'Verlängerung vun de Moossname fir d'Stabiliséierung vum Stroumpräisdeckel fir privat Stéit d'nächst Joer virgesäit. Dëst gëllt fir Stéit, déi 25 MWh Stroum d'Joer oder manner verbrauchen. D'Käschte fir dësen Ausgläichsmechanismus insgesamt däerfen 171 Milliounen Euro net depasséieren. Fir d'Mesuren, fir d'Präisstabilitéit vun dësem Joer ze garantéieren, war e Bäitrag vun 225 Milliounen Euro virgesinn.