Problematesch Liwwerketten am Fokus um FEDIL-IndustriedagEuropa brauch kloer Strategie a manner administrativen Opwand

Pit Everling
Virun allem wärend der Covid-Kris gouf et op ville Plazen an der Industrie grouss Schwieregkeete bei der Versuergung mat Grond-Material.

Industriedag FEDIL / Reportage: Pit Everling

De Sujet „Problematesch Liwwerketten“ stoung am Fokus vum „Industrie-Dag” vun der Industriellefederatioun FEDIL.
An enger rezenter Gespréichsronn am Atelier gouf mat concernéierten Acteuren de Point gemaach.
De Constat ass kloer: D’Erausfuerderunge bleiwe grouss, d‘Contraintë villsäiteg.

Aktuell kann et zum Beispill sinn, datt d‘Matière première just an engem Land op der Welt wiisst, sou datt geopolitesch Situatiounen eng Roll spillen. Da kann et sinn, datt d‘Wieder e Stréch duerch d‘Rechnung mécht an datt Réimaterial dowéinst net ka geliwwert ginn. Et gëtt also eng gewëssen Ofhängegkeet.
Den Ekosystem an Europa ass net komplett a muss nees opgebaut ginn, heescht et vun enger Rei Acteuren, déi an deem Sënn kloer politesch Strategië fuerderen.

De Paul Schockmel, Chef vum Automobil-Zouliwwerer IEE: “2030 wäert d’Hallschent vum Auto aus Elektronik bestoen an aus vill Software. A mir wëssen elo schonn, wat fir eng Halbleiter do feele wäerten. Natierlech brauche mir e Plang, wéi een domadder ëmgeet. An dass dat och net nëmmen aus Japan oder aus China kënnt oder aus Amerika, mä dass an Europa och do eppes opkënnt.”

Vill Regulatiounen a groussen administrativen Opwand hätten en Impakt op d‘Kompetitivitéit. Do wier vill Loft no uewe fir méi effikass ze ginn, do waren alleguerten d‘Participantë vun der Gespréichsronn sech eens. Mat diskutéiert huet och d‘Isabel Hochgesand, Responsabel fir den Akaf vun Hieselnëss beim Séisswuere-Produzent Ferrero. Si nennt d‘Beispill vun der europäescher Regulatioun a punkto Ofholzung vu Bëscher, “wou bei mir eng Partie Materialien drënner falen, dann ass et sou, dass ech momentan mat all Liwwerung, déi bei mir ukënnt, déi Beweisflicht hunn, dass ech “deforestation free” an der Liwwerkette sinn. Mat all eenzeler Liwwerung. Dat ass e wansinnegen administrativen Opwand”

D‘FEDIL fillt sech no der Table ronde op alle Fall an hirer Politik confirméiert.

De Rene Winkin, Direkter vun der Industrielle-Federatioun: “Déi héich Komplexitéit, déi besteet, den Interêt ze diversifizéieren, den Interêt fir an Europa nei ze investéieren, awer och dofir séier Permisen ze kréien, well soss geschitt dat net, verschidden Dependancen ofzebauen, d’Reglementatioun richteg, d’Finalitéiten an der Rei, idealerweis standardiséiert, europäesch harmoniséiert, fir datt mer wierklech Impakt kënne maachen, alles dat zéien ech als Konklusioun.”

De Lëtzebuerger Wirtschafts- a Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) ass sech bewosst, datt et politesch Chantiere gëtt a verséchert Géigemoossnamen:

“Iwwerreglementatioun a kontradiktoresch Reglementatiounen, dass mer wierklech do mussen d’Simplification administrative op Lëtzebuerger Niveau maachen an awer och dat, wat Madamm von der Leyen annoncéiert huet, dass eebe grad déi 25% Reduktioun vun den administrativen Hürde mussen op europäeschem Niveau kommen.”

Wéi wäit ass d’europäesch Industrie a punkto Dekarboniséierung? Och ëm dee Sujet goung um Industrie-Dag vun der FEDIL. Europa hätt elo d’Chance, de “Green Deal” zum zentrale Projet ze maachen an deen esou ëmzesetzen, datt de Kontinent rëm kompetitiv gëtt. Dat sot um Industrie-Dag de Professer Dokter Bernhard Lorentz, Klima- an Nohaltegkeetsconseiller bei der Audit-Beroderfirma Deloitte. Dofir bräicht et Efforten: souwuel ëffentlech ewéi privat Investissementer wieren dréngend néideg, mat Bléck op d’Konkurrenzlänner. A China oder an den USA géing net geschlof ginn.

Back to Top
CIM LOGO