Caritas30 Leit hei am Land a 70 Leit am Südsudan a Laos verléieren hir Schaff

RTL Lëtzebuerg
Hëllef um Terrain, also d‘Successeur-Organisatioun vun der Caritas, iwwerhëlt just déi national Aufgabe vun der Hëllefsorganisatioun.

Déi international Projete ginn zum Deel vun aneren Acteuren iwwerholl oder musse komplett opgeléist ginn.

Dowéinst verléieren eng 30 Leit hei am Land a 70 Salariéen am Südsudan an am Laos elo hir Aarbechtsplaz. Dat schreift d‘Caritas de Moien. Méi wéi 60 Projete goufen elo gestoppt. D‘Fondatioun weist sech dann och enttäuscht, dass keen aneren Acteur all hir Aktivitéiten op internationalem Plang iwwerholl huet an hire kompetenten a motivéierten Ekippe erlaabt huet, weiderzeschaffen.

PDF: D'Schreiwes vun der CARITAS

Back to Top
CIM LOGO