De CGDIS melltDräi Motorradsaccidenter mat insgesamt fënnef Blesséierter um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Géint 10.20 Auer e Sonndeg de Moien ass et op der RN6 tëscht dem Wandhaff a Stengefort zu engem Accident komm.

Zwou Persoune goufe blesséiert, ewéi e Motocyclist mat senger Maschinn gefall ass. Nieft de Pompjeeë vu Stengefort waren d’Ambulanze vu Stengefort a Mamer am Asaz.

Den 112 mellt dann och nach zwee gréisser Accidenter fir e Sonndeg de Mëtteg. Op der Kräizung zu Koplescht si géint 13 Auer en Auto an e Moto kollidéiert. Zwou Persoune goufe verwonnt an de SAMU aus der Stad war op der Plaz.

E weidert Accident gouf et kuerz viru 16 Auer op der N7 tëschent Heeschdref a Boufer. Hei waren e Moto an e Vëlo aneneegerannt. Och hei notéiert de CGDIS ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO