Bis zu 15.000 ING-Clientë solle vun zweeter Well betraff sinn
Am Mee krute jo 30.000 Clientë vun der ING matgedeelt, dass hir Konte clôturéiert ginn an, dass si d'Geld solle bei aner Banken transferéieren.
Et handelt sech gréisstendeels ëm Leit, déi just e Compte courant bei der ING hunn an dagdeeglech Operatiounen doriwwer ofwéckelen.
Antëscht rechent een an de Kulisse mat enger zweeter Well vu Clienten, déi bei der ING an déi Situatioun kommen. Déi Nouvelle zirkuléiert och an de Gewerkschaftskreesser. Genee Chiffere gi keng genannt. Et dierften allerdéngs op d'mannst weider 15.000 nach-Clientë sinn, esou Syndikalisten.
D'Gewerkschaften haten en Dënschdeg no iwwer 2 Méint endlech eng Reunioun mat der Generaldirektioun vun der Bank. Och do gouf et net vill Chifferen, weder iwwert den Ofbau bei de Clienten, nach iwwert d'Reduktioun vum Personal.
D'ALEBA an den LCGB, déi an der Delegatioun vertruede sinn, begréissen, dass de Sozialdialog nees relancéiert ass a virun allem, dass et kee Sozialplang soll ginn. D'Bank huet ugekënnegt, dass dëst an d'nächst Joer kee seng Plaz verléiert. Et wëll een iwwert de Wee vu Formatiounen d'Leit intern ëmschoulen. Och do ass een awer vag bliwwen, wat d'Chiffere betrëfft.