Poopst François gouf offiziell a senger Roll als Vatikan-Staatschef invitéiert
D'Relatioun tëscht dem Haff an dem Vatikan huet sech zanter dem 19. Joerhonnert kontinuéierlech weiderentwéckelt.
De Poopst François gouf offiziell a senger Roll Staatschef vum Vatikan op Lëtzebuerg invitéiert. Wéi bei all Staatsvisitt, kënnt déi offiziell Invitatioun vum Palais. Elo ass et kee Geheimnis, dass d'groussherzoglech Famill, esou wéi déi aner kathoulesch Monarchien an Europa, eng enk Relatioun mam Vatikan a senge Peepst hat an huet. Sou krut d'Grand-Duchesse Charlotte zum Beispill eng gëlle Rous iwwerreecht, iwwregens als bis elo lescht Monarchin. Dobäi hätt d'Geschicht ëm een Hoer ganz anescht kënnen ausgesinn, den éischte Grand-Duc aus der Dynastie Lëtzebuerg-Nassau war nämlech e Protestant.
D’Lëscht vun deenen, déi sech virdrécken oder beruff fillen, eppes iwwer d’Relatioun tëscht dem Haff an dem Vatican ze zielen, ass impressionnant kuerz a carrement inexistent, wann ee bis d’Eventualitéit vun engem méi déiwe Glawen usprécht.
Dobäi huet d'groussherzoglech Famill eng enk an intressant Relatioun mat Roum, déi zeréckgeet op d’19. Joerhonnert. Dobäi war den éischte Grand-Duc, den Adolphe vun Nassau, de Grënner vun der Protestantescher Kierch hei am Land an net onbedéngt Fan vum kathoulesche Glawen.
Zéng Joer méi spéit huet sech dunn allerdéngs de de Guillaume IV. mat enger Katholickin, der portugisescher Prinzessin de Braganca bestuet an d'Kanner, déi aus dësem Mariage ervirgoungen, goufen nom kathoulesche Glawen erzunn. Domat gëtt de Grand-Duché eng vun den déif kathouleschen, europäesche Monarchien. Déi 6 Meedercher goufen all gedeeft. Déi éischt Concernéiert war d’Prinzessin Marie Adelaide. De Vatikan hat seng Konditioune gestallt a Lëtzebuerg gouf kathoulesch.
Dass eis Dynastie dem Vatikan deemools eppes wäert war, weist de Fait dass de Prënz Jang 1921, net iergend e Monnonk als Dafpätter krut, mee seng Hellegkeet, de Friddenspoopst Benoit de 15. Dem spéidere Groussherzog seng Mamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, ass iwwregens bis elo déi lescht kathoulesch Monarchin respektiv iwwerhaapt déi lescht Persoun, déi eng Gëlle Rous iwwerreecht krut – 1956 war dat – e Geste vum Pius den 12.
Vun esou enger héijer Auszeechnung vun engem Poopst kënnen zënter der Mëtt vun de 50er-Joren just nach Statuen, Figuren oder Symboler dreemen. D'Muttergottes vu Fatima krut d’Poopstrous, d’Symbol vun der Dugend, 2017. En Donneschdeg bréngt de Poopst Francois se mat an d’Kathedral a schenkt se der Muttergottes am Kader vum 400. Anniversaire vun hirer Veréierung als Consolatrix Afflictorum.