Transfert bei HUTCaritas-Mataarbechter an OGBL gesi juristesch Schrëtt vir

Tim Morizet
Eng ronn 150 Leit hu sech e Freideg de Mëtteg um Krautmaart versammelt fir ze demonstréieren.

Den Transfert vun den nationalen Aktivitéiten vun der Caritas bei déi nei Asbl “HUT – Hëllef um Terrain” ass e risegen Duercherneen. De Smail Suljic vum OGBL huet dat op der Manifestatioun vun de Mataarbechter virun der Chamber denoncéiert a juristesch Schrëtt ugekënnegt. Eng 350 Mataarbechter vun der Caritas solle vum 1. Oktober u fir HUT schaffen. Mee bis e Freideg de Moie wousste se nach net genee wat an hiren neie Kontrakter géing stoen.

Caritas-Mataarbechter an OGBL gesi juristesch Schrëtt vir
Eng ronn 150 Leit hu sech e Freideg de Mëtteg um Krautmaart versammelt fir ze protestéieren.

Um Enn waren et eng 150 Leit, déi sech an der Mëttegstonn um Krautmaart versammelt hunn, fir géint d’Aart a Weis ze protestéieren ewéi de Krisecomité vun der Caritas, respektiv déi nei ASBL HUT mat de Salariéë géing ëmgoen. Dat trotz miserabelem Wieder an trotz Garantië vum Christian Billon, deen den Transfert orchestréiert huet, datt d’Salariéen ënnert de selwechte Konditioune géinge weiderschaffen – sief et um Niveau vun der Pai, Anciennetéit oder Congéen.

Schwaarz op Wäiss huet een déi Garantien net, esou de Smail Suljic vum OGBL:

“D‘Leit froe sech firwat een d‘Kontrakter net einfach am Virfëld konnt gewise kréien. An och fir net einfach en Transfert d‘Entreprise mat engem ganze Package u Konditiounen transferéiert konnte ginn. D‘Personal fäert Restrukturéierungen iwwert déi nächst Méint bei “Hëllef um Terrain“. Ass dat richteg, ass dat net: keng Ahnung well et einfach u mënschlecher Kommunikatioun feelt.“

Op der Maniff gouf net just Solidaritéit mat den 30 Beschäftegter ausgedréckt, déi fir d’international Aktivitéiten oder de politesche Plädoyer zoustänneg waren a keng Plaz méi bei HUT wäerten hunn. Et goung och ëm déi aner Mataarbechter, déi bei HUT solle wiesselen a veronséchert sinn. Den OGBL versteet net, firwat net en «transfert d’entreprise» gemaach gouf.

“D‘Fakte si kloer. Do hu mer scho mat ville Juriste geschwat. Och Juristen, déi dem OGBL net esou no stinn. Den transfert d‘entreprise ass näischt wat ee sech kann aussichen. Dat ass e juristeschen Automatismus. An dofir wëlle mer dat elo vum Riichter schrëftlech kréien”, esou de Smail Suljic.

Den OGBL an eng Rei Salariéë vun der Caritas fäerte Verschlechterungen duerch d’Hannerdier. Egal wéi géing d’Gewerkschaft déi nei Kontrakter viru Geriicht ufechten. Iwwerdeems d’juristesch Enquêten iwwert de Bedruch oder d’Roll vun de Banken nach net ofgeschloss sinn, bleift och nach villes onkloer wat d’Zukunft vun der Caritas, oder HUT, ugeet.

Ënnert den 150 Demonstranten e Freideg de Moie waren och eng Rei fréier Mataarbechter, Kolleegen aus aneren Organisatiounen ewéi Amnesty International an eng Rei Deputéiert. Haaptsächlech vun LSAP, Gréng an déi Lénk. Mee och de Fraktiounschef vun der CSV, de Marc Spautz war dobäi.

Den Transfert vun den nationalen Aktivitéiten vun der Caritas bei déi nei Asbl «HUT – Hëllëf um Terrain» ass e risegen Duercherneen. De Smail Suljic vum OGBL huet dat op der Maniff vun de Mataarbechter virun der Chamber denoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO