Prozedure goufe lancéiert, fir géint d'Caritas an HUT viru Geriicht ze goen

Déi meeschte Leit, déi bis e Méindeg fir d'Caritas zu Lëtzebuerg geschafft hunn, hunn zanter en Dënschdeg en neie Patron, "HUT - Hëllef um Terrain".
Wéinst Manktem un Transparenz a well d'Leit ënner Drock gesat goufen, hat d'Gewerkschaft OGBL de Leit geroden, den neie Kontrakt net z'ënnerschreiwen.
Eng genee Zuel, wéi vill Leit dat waren, konnt den OGBL op RTL-Nofro hin net soen, mee et wieren der just ganz wéineg, déi net ënnerschriwwen hunn, ofgesinn natierlech vun deenen, déi sou wéi sou keen neie Kontrakt ugebuede kruten. Wéi eis de Smail Suljic vum OGBL sot, géing d'Gewerkschaft duerchaus verstoen, firwat déi meeschte Leit awer bei HUT ënnerschriwwen hunn.
"Sans-abrien a Mannerjäreger, déi net begleet sinn, déi gi betreit an deene Foyeren, vun deene Leit, déi elo ënner Drock gesat goufen, de Kontakt z'ënnerschreiwen. An natierlech, wann ech Educateur sinn aus Iwwerzeegung a professionell sinn, da wëll ech och, dass déi Leit weiderhi betreit ginn. Da ginn ech de Risk net an, muer vläicht net an de Foyer eragelooss ze ginn, fir meng Aarbecht ze maachen."
Et hätt een de Leit och gesot, si sollten ënnerschreiwen, wa si soss finanziell Problemer kritt hätten. Déi vereenzelt Leit, déi bis e Méindeg net ënnerschriwwen hätten, wiere gréisstendeels am Krankeschäin oder an der Vakanz gewiescht.
Hallef legal, hallef illegal
Ma dat ass elo eben net ganz kloer - den OGBL schwätzt vun enger Situatioun, déi hallef legal, hallef illegal wier.
"Datt d'Leit u sech nach ëmmer bei engem ale Patron am Krankeschäin sinn an awer solle vläicht an 2 Wochen e Kontrakt ënnerschreiwen, réckwierkend op den 1. Oktober bei engem neie Patron, wat och net legal ass, a Leit, déi Congé accordéiert kruten am leschte Mount vun hirem alen Employeur, an u sech elo schonn am Congé si vum neien Employeur, wou se am Fong kee méi zegutt haten. Dat heescht, do si Leit, déi hunn och Congé op Kredit geholl, wou se gesot kruten, si missten d'nächst Joer dann de Congé ofgezu kréien, vun 2025."
Bei engem Transfert d'entreprise wieren déi Froe gekläert gewiescht. Et géing een net verstoen, firwat den Iwwergang net esou organiséiert gouf.
Wat kann d'Gewerkschaft elo nach maachen?
Vue dass keen Transfert d'entreprise gemaach gouf, gëtt et aktuell keng Personaldelegatioun bei HUT an den OGBL huet deemno och kee Mandat. Et hätt een awer nach ëmmer Leit an der neier Associatioun, déi Member beim OGBL wieren, an et géing een och mat deene Leit géint HUT a géint d'Caritas viru Geriicht goen, sou de Smail Suljic.
"Et geet hei drëms, dass mer u sech d'Leit éischtens emol forcéiert hunn, e Kontrakt ze ënnerschreiwen, fir dass se kënnen an enger Aarbecht bleiwen. Déi Zoustänn, déi Ëmstänn, déi do waren, bei där Ënnerschrëft, sinn net legal, an dat kënne mer ufechten. Also dat heescht, dat emol. An dann nach aner Membere vun eis, Personal, déi net iwwerholl goufen, déi fir eis hätte missen iwwerholl ginn, bei engem Transfert d'entreprise, dat kënne mer och ufechten, an natierlech och déi, déi ënnerschriwwen hunn, wa se méi schlecht Aarbechtskonditioune hunn, wéi se sollten hunn, bei engem Tranfert d'entreprise."
Hunn d'Aarbechtskonditioune sech verschlechtert?
Un der Pai an un der Anciennetéit huet sech näischt verännert, déi sinn duerch de sektorielle Kollektivvertrag SAS ofgedeckt. Bei der Organisatioun vun den Aarbechtszäiten hätte sech awer Saache geännert.
"Do sinn Leit, déi elo jorelaang just méindes bis freides geschafft hunn, déi hu lo e Kontrakt vu méindes bis sonndes. Dat heescht, déi kënnen och weekends agesat ginn. Anerersäits hu mer och Leit, déi nach ni eng Nuecht geschafft hunn, déi hunn elo am Kontakt stoen, dass si theoretesch kënnen nuets agesat ginn. An dat ass och net richteg. Dat sinn och Verschlechterunge vun den Aarbechtskonditiounen."
D'Situatioun vun deene Leit, déi net vun HUT iwwerholl goufen, also Leit, déi fir déi international Aktivitéiten a fir de politesche Plädoyer zoustänneg waren, bleift iwwerdeems komplett onkloer, sot eis nach de Smail Suljic.
Den OGBL huet Prozedure lancéiert, fir géint d’Caritas an HUT viru Geriicht ze goen. D’Aarbechtsgesetz wier komplett ausser Kraaft gesat ginn an dat misst een denoncéieren, sot den OGBL-Zentralsekretär.
Déi nei Entitéit HUT - Hëllef um Terrain steet also scho staark ënner Kritik - Kritik, op déi se elo wuel reagéiere wäert. HUT huet fir 17 Auer op eng Pressekonferenz invitéiert, déi och live op rtl.lu iwwerdroe gëtt.