Octobre RoseËmmer méi jonk Frae si vu Broschtkriibs betraff

Rosa Clemente
An de leschte Joerzéngten ass den Altersduerchschnëtt vun den neie Broschtkriibs-Patientinnen erofgaangen.
Ëmmer méi jonk Frae vum Broschtkriibs betraff
An de leschte Joerzéngten ass den Altersduerchschnëtt vun den neie Broschtkriibs-Patientinnen erofgaangen.

Dat erkläert eis d’Fanny Lorin, Chef de Service an der Sektioun vun der Mammographie bei der Santé. Dat wier awer och de Fall bei aneren Zorte vu Kriibs. Et wier wëssenschaftlech beluecht, datt weltwäit ëmmer méi jonk Fraen ab 30 esou eng Diagnose géife kréien. Do wier et zu Lëtzebuerg net anescht, et wier awer weiderhin nach ee méi klenge Pourcentage vun de Fäll.

Wéi de Registre National du Cancer (RNC) an hirem Factsheet vun 2019 weist, ware méi wéi 21 Prozent vun de Nei-Betraffenen manner wéi 50 Joer al. Am selwechten Dokument gëtt an enger Grafik och de Mortalitéitstaux ugewisen. Zuel vun de Stierffäll klëmmt vu 45 Joer u méi staark.

Nodeems 2022 op europäeschem Niveau nei Recommandatiounen erausgi gi sinn, huet och d’Santé hei am Land säi “Programme Mammographie” ugepasst an d’Altersklass vun de viséierte Fraen op 45 Joer erof- an op 74 Joer eropgeschrauft.

Dank dësem Programm kënne Fraen all zwee Joer gratis an d’Mammographie goen. D’Rëntge-Biller ginn duebel ausgewäert – eng éischte Kéier vum Radiolog an der Klinik, eng zweete Kéier vun engem weidere Radiolog an der Direction de la Santé. Wann néideg kann och nach eng drëtt Kontroll stattfannen.

Mat dem Duebel-Kontroll-System géif ee ronn 20 Prozent méi nei Fäll depistéieren, esou d’Fanny Lorin. Leider wier awer d’Zuel vun de Participanten un dësem Programm an de leschte Jore liicht zeréckgaangen, sou déi Responsabel vum Service.

Mee wat kënnen da Fraen, déi net an d’Altersklass vum Programm falen, präventiv ënnerhuelen? “Hire Kierper kennen, d’Broscht reegelméisseg oftaaschten, a wa Fäll vu Broschtkriibs an der Famill sinn, léiwer zweemol beim Dokter erwänen an eventuell ee Gen-Test maachen”, schléit d’Fanny Lorin fir.

Eng Persoun, déi Gléck am Ongléck hat, war d’Sally Wolfsfeld. Si huet selwer bemierkt, datt sech eppes un hirer Broscht verännert huet an ass domat bei den Dokter gaangen.

D’Diagnos: Broschtkriibs. Fir déi 37 Joer al Fra ass eng Welt zesumme gebrach, Liewenspläng viraussiichtlech zerstéiert. Wéi si mat der Diagnos ëmgaangen ass, wéi staark den Impakt vun dëser Kriibserkrankung an enger Liewensphas ass, an där een un Hochzäit, Haus a Kanner denkt, dat gesitt Dir am Magazin-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO