Vun den Europadeputéierte vun der CSV, der LSAP, der DP an déi Gréng gëtt et keen Applaus fir dem Fernand Kartheiser seng Aktioun e Méindeg den Owend.

Den ADR-Europadeputéierten hat jo probéiert, eng Ried op Lëtzebuergesch ze halen a sech gewënscht, datt seng Mammesprooch och am Europaparlament unerkannt gëtt. Schliisslech hätten d'Grënner-Pappe Robert Schuman, Konrad Adenauer a Joseph Bech och schonn op Lëtzebuergesch iwwert d'Zukunft vun Europa diskutéiert.

Reaktioune vun den Europadeputéierten/Reportage Dany Rasqué

Verschidden Europadeputéiert schwätze vun enger Zirkusnummer, zum Beispill d'Isabelle Wiseler-Lima, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. 
 
"Den Här Kartheiser wousst ganz genau, datt de Mikro géif ausgemaach ginn. Dat sinn d'Reegelen an et war also puere Muttwëll an ech fannen dat net gutt. Mir hunn hei wierklech ganz seriö Sujeten, déi mer ze behandelen hunn, Sujeten, déi och ganz spezifesch si fir Lëtzebuerg an ech fannen, et soll ee sech mat de Sujete bekannt maachen, soen, wéi een dozou steet. D'Reputatioun, déi mer hunn, solle mer eis esou maachen an net mat Zirkus."
 
De Fernand Kartheiser hätt sech mat sengem Uleies souwisou un déi falsch Plaz adresséiert. Ob d'Lëtzebuerger Sprooch offiziell zu Bréissel unerkannt gëtt oder net, misst een nämlech mat der Regierung klären. Dat hätt de Fernand Kartheiser och ganz genee gewosst an datt d'Grënner-Pappe vun Europa Lëtzebuergesch geschwat hunn, dodrun zweiwelt zum Beispill de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens.
 
"Ech weess och net, wou Leit an der Traditioun vu Lëtzebuerg kënnen ausmaachen, datt de Joseph Bech zum Beispill eng Präferenz gehat hätt, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen. De Joseph Bech huet souguer an der Chamber emol ni Lëtzebuergesch geschwat. Geschweige dann hätt hien da suggeréiert, Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch an der Europäescher Unioun duerchzesetzen.
 
Genee wéi de Charel Goerens ënnersträicht och den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel, datt een op europäeschem Niveau ganz vill Lëtzebuergesch ka schwätzen. All Bierger hätt d'Méiglechkeet, d'EU-Institutiounen op Lëtzebuergesch unzeschreiwen a géif dann och an där Sprooch geäntwert kréien. Hir eege Büroe kéint een donieft och op Lëtzebuergesch kontaktéieren - am Contraire zu deem vum Fernand Kartheiser, esou de Marc Angel.

"Deen huet zwee Assistenten an dovunner ass keen e Lëtzebuerger. Et ass fir mech eng Nummer, déi e wollt maachen. Et ass Populismus. D'Lëtzebuerger Sprooch läit mir ganz um Häerz. Ech, genee wéi déi lescht Regierung an och dës Regierung, mir maache Politik fir ons Sprooch, déi mer gär hunn, awer mir maachen net Politik mat der Sprooch. Dat do ass awer Politik mat der Sprooch gemaach. Dat maachen déi rietsextrem, dat maachen d'Populisten, dat maachen ech net."
 
Nieft dem Marc Angel betounen och déi aner dräi Europadeputéiert, déi vis-à-vis vun RTL reagéiert hunn, datt d'Lëtzebuerger Sprooch hinnen um Häerz läit. Si weisen awer och drop hin, datt si just zu sechs Vertrieder aus dem Grand-Duché do sinn an d'Tilly Metz vun déi Gréng rechent aus, wat et géif kaschten, wann een dem Fernand Kartheiser seng Fuerderung konsequent géif duerchzéien.
 
"Wa Lëtzebuergesch géif ugesi gi wéi all déi aner Sproochen an Europa, dat géif 40 Milliounen Euro d'Joer kaschten, wann een dat géif konsequent duerchzéien. Da soen ech mer, datt déi Suen a Multikrisenzäite wéi mer se hunn, déi Sue vläicht besser éierens anescht investéiert wieren, vu datt mer jo dräi Sproochen hunn, déi benotzt ginn zu Lëtzebuerg."
 
Ënnert anerem de Charel Goerens weist drop hin, wéi e grousse Privileeg, datt et ass, esou vill Sprooche kënnen ze schwätzen, wéi een dat als Lëtzebuerger kann. Wat een awer kéint maache fir nach eng besser Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch, seet den DP-Europadeputéierten, wier et zum Beispill, d'Traitéen op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen.