OGBL fuerdert Transparenz vu Ministère an TICEOfschafe vu Prime d'astreinte bedeit finanziell Verloschter fir Mataarbechter

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL ass besuergt iwwert Pläng vum Inneministère, am TICE fir déi sougenannten Prime d'astreinte ofzeschafen.

Eng Primm, déi ëmmerhin zanter iwwer 40 Joer fir d’Salariéeë vum ëffentlechen Transportreseau aus dem Süde géif gëllen, ënnersträicht den OGBL an engem Schreiwes.

Mat där Ofschafung géifen 110 Mataarbechter aus ënnerschiddlechen Domainë vum TICE riskéieren, vum November u ronn 500 Euro de Mount manner ze verdéngen. Dobäi kéime finanziell Verloschter an hirer Pensioun, vue datt déi Prime d’astreinte bis dato fir d’Berechnung vun de Pensioune consideréiert gouf. D’Gewerkschaft fuerdert transparent Diskussiounen an Erklärunge vum Ministère an der Direktioun vum TICE.

PDF: Dat ganzt Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO