
D’Staatsschold kéint am Joer 2070 bei 70 Prozent oder 223 Prozent vum PIB leien. D’Berechnunge goufen op Basis vun neien demographeschen, wirtschaftlechen a budgetären Donnéeë vun der EU Kommissioun gemaach. Déi gesinn ënnert anerem eng Alterung vun der Populatioun an entspriechend méi héisch Käschte viraus.
D’Forschett ass grouss, well d’Analys sech iwwert eng laang Period zitt an déi klengsten Divergenze bei den Hypotheesen d’Resultater staark kënne beaflossen.
Esou wier d’Staatsschold vun 223 Prozent am defavorabelen Zenario: wann de Grand-Duché a ronn 50 Joer 976.000 Awunner hätt an d’Ekonomie am Duerchschnëtt all Joer bis dohinner ëm 1,7 Prozent géing wuessen. Géing d’Populatioun bis 2070 op 1,3 Millioun klammen an d’Ekonomie ëm 2,6 Prozent wuessen, géing ee bei 70 Prozent Staatsschold par Rapport zum PIB leien. Och d’Hausse vun de Käschte fir de Pensiounssystem kënne variéieren an d’Resultat entspriechend beaflossen.
De Conseil national des finances publiques relativéiert dann och a mengt, datt d’Politik warscheinlech Mesure géing ergräifen, fir d’negativ Tendenzen ze konteren.
Bleift awer, datt esouguer am favorabelsten Zenario d’Staatsschold méi ewéi duebel esou héisch wier, ewéi den Objektiv vun de leschte Regierunge fir d’Schold ënner 30 Prozent vum PIB ze halen. Am Koalitiounsaccord vun der aktueller Regierung hunn d’CSV an d’DP sech d’Dier scho bëssen opgehalen: do steet, datt den Objektiv wier, eng nohalteg Trajectoire ze definéieren.