Zu Bartreng gouf en Donneschdeg de Moien en neie Kannergemengerot gewielt.

Am Kader vun der Woch vun der Demokratie an de Schoule ginn an de Lycéeë Schülercomitéë gewielt an an enger Partie Schoulen och Kannergemengeréit oder änlech Strukturen.

Well net all Gemeng déi selwecht Form vun demokratescher Participatioun fir Kanner ëmsetzt, kéint ee beim Ministère awer aktuell net soen, a wéi ville Gemengen et e Kannergemengerot gëtt. Zu Bartreng konnten eng 190 Kanner hir Stëmm ofginn. D'Milena an de Gabriel aus dem Cycle 4.2, dem 6. Schouljoer, ware Kandidaten.
 
"Ech géif e puer Saachen an der Schoul änneren. Wéi zum Beispill dat Gelänner am Schoulhaff, et ass scho futti gaangen, dofir ech géif gären een neit dohinner stellen, mat enger Rutschban vläicht."

"Gras an den Haff maachen a méi esou Iesssaache planzen, bei lo Karotten oder Tomaten. An an der Maison-relais méi Aktivitéite maachen, awer net wärend der Vakanz."
 
D'Scarlett an den Arnaud aus dem Cycle 4.1, dem 5. Schouljoer, wëllen et nach eng Kéier wëssen. Si waren d'lescht Joer schonn am Kannergemengerot an hunn zum Beispill eng Frëndschaftsbänk am Schoulhaff a méi Computere fir d'Hausaufgaben an der Maison relais organiséiert. All hir Iddie fir d'Schoul an d'Gemeng konnte si awer net ëmsetzen.
 
"Mir haten och eng Iddi fir eng Graffitimauer opzemaachen, wou Leit amplaz vun op Haiser esou ze maachen, kéinte si op déi Mauer all d'Graffiti déi si wierklech wëlle maachen."

"Ech wollt eng Zigarettepoubelle maachen, wou een ofstëmme kann, sou wéi zum Beispill mir haten d'Iddi, wie gewënnt d'Eurovisioun an da waren do zwee Kandidaten an da kann een ofstëmme mat senger Zigarett."
 
D’Stëmmziedele ginn e Freideg de Moien ausgezielt a muer de Mëtte ginn dann d’Resultater vun de Kannergemengerotswalen zu Bartreng bekanntgemaach.